
Borussia Mönchengladbach huet een neien Trainer. Den Alexander Blessin huet bis 2028 ee Kontrakt beim aktuellen Tabelleleschten aus der éischter Bundesliga ënnerschriwwen. Dat hunn d'"Fohlen" en Dënschdeg offiziell matgedeelt. De Blessin war d‘lescht Saison nach Trainer vu St. Pauli, ass allerdéngs mat der Ekipp, an där och den Danel Sinani gespillt huet, an déi 2. Bundesliga ofgestigen. Zanterhir hat hie kee Veräin an iwwerhëlt elo d‘Successioun vum Eugen Polanski.
Dem Blessin säin éischten offizielle Match ass den Derby géint den 1. FC Köln direkt no der Lännermatchpaus.
De Lëtzebuerger Nationaltrainer Jeff Strasser huet an der Saison 2015/16 mam Alexander Blessin d'Formatioun fir d'UEFA-Pro-Lizenz gemaach.