Zanter der leschter Saison ass d'Claudine Miller déi éischt an eenzeg Trainerin am Grand-Duché vun enger éischter Ekipp bei den Hären. Déi fréier Lëtzebuerger Nationalspillerin war zejoert fir d'éischt als Interimsléisung agesprongen, éier si de Posten als Chef-Trainerin zu Märel ganz iwwerholl huet. Fir déi Responsabel war séier kloer, datt si déi néideg Qualitéit fir de Posten huet.
Guy Lamesch - President Red Star Märel-Belair: "D'Claudine huet jo och scho virdru seng Fäegkeete mat der Damme-Sektioun gewisen, déi et hei matgehollef opbauen an och herno d'Senior Dammen trainéiert huet, soudass mir am Fong keen Zweifel haten, fir d'Claudine och bei Häre kënnen ze anzesetzen."
D'Claudine Miller huet de Red Star Märel-Belair d'lescht Saison op der leschter Plaz iwwerholl an um Enn de Maintien geséchert. Och virum Optakt vum Championnat an der éischter Divisioun am zweete Bezierk hat si de Géigner vun e Sonndeg, den FC Schengen, ganz genau ënnert d’Lupp geholl. Fir déi gebierteg Märelerin war et eng nei Erausfuerderung, déi hir och an der zweeter Saison nach Spaass mécht.
Claudine Miller - Trainerin Red Star Märel-Belair: "Si hu sech nom 1. Training dru gewinnt. Bei engem Mann ass et ëmmer, mir kréien en Trainer, dee kann eppes. Bei enger Fra ass et, mir kréien eng Trainerin, wat kann et? Nom 1. Training waren d'Fronten direkt kloer. Si ware selwer iwwerrascht. Do ass absolutt guer kee Problem gewiescht. Ech hunn gäre séiere Futtball. Dat mécht mer wierklech Spaass."
A wéi d'Trainerin et gären huet, ass et och direkt mat héijem Tempo an dëse Match gaangen. Mat engem Corner fir d’Lokalekipp an der 3. Minutt bei der de Jean-Louis Geissler am Gol vun deene Schengener direkt opgepasst hat. Direkt op der anerer Säit huet de Golkipp vu Märel missen zoupaken.
No intensiven éischte Minutte war den Tempo raus an et huet bis an déi 33. Minutt gedauert, bis de Luis Camota iwwer lénks den Turbo ugehäit huet. An der Mëtt huet de Julian Baillie just nach de Fouss dohin ze halen. 1:0 fir d’Haushären.
Bei Schengen huet ee sech kuerz gesammelt a selwer nees de Wee no vir gesicht. De Marck Amoakon huet mat senger Flank de Kapp vum Benjamin Eguet fonnt. 1:1 nëmme 4 Minutten no der Féierung.
D’Claudine Miller an hir Spiller wollten awer onbedéngt mat engem Avantage an d’Paus goen. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent huet et Märel nach eng Kéier mat engem séiere Fräistouss op de Kapitän Valdo Lubrano probéiert, deen an der Mëtt de Raymond Mendes fonnt huet a sou goung et mat engem 2:1 an d’Paus.
Erhéije konnt d'Lokalekipp an der 74. Minutt duerch e weidere Gol vum Raymond Mendes. De Märeler Stiermer konnt vun engem Feeler vum Jean-Louis Geissler profitéieren a säi zweete Gol markéieren.
Schengen huet sech an der Suite d'Liewen nach méi schwéier gemaach, nodeems den agewiesselten Momo Ahamada déi rout Kaart krut.
3 Minutte viru Schluss huet ee bei Märel den Deckel op dës Partie drop gemaach. Op en Neits konnt ee vun engem Schengener Feeler profitéieren, de 4:1 duerch de Roberto Gomes. Ganz zur Freed vum Claudine Miller. Trotzdeem war d'Trainerin um Enn net ganz zefridden.
Claudine Miller - Trainerin Red Star Märel-Belair: "Also spilleresch war et elo net ganz flott. Wichteg war kämpferesch, dat huet einfach gutt geklappt. D'Jonge wollten einfach haut gewannen. D'Nervositéit spillt och e bësse mat, well mir haten eng optimal Preparatioun vu siwe Wochen. D'Frëndschaftsmatcher hu mer wierklech gutt a schéi gespillt. Haut konnt een dat net esou ëmsetzen, wéi ech mer dat erwaart hunn. Mee d'Haaptsaach dräi Punkten, dann ass dat verzielt."
Deemno e gelongenen Optakt an déi nei Saison fir d’Claudine Miller an de Red Star Märel-Belair.