Champions-League-QualifikatiounDamme vum Racing verléiere géint Helsinki

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet d'Dammenekipp vum Racing hiren éischten offizielle Match an dëser Saison gespillt.

An der Champions-League-Qualifikatioun hat de Racing e Mëttwoch den Owend am Stade Achille Hammerel keng Chance géint Helsinki aus Finnland an huet mat 0:2 de Kierze gezunn.

Kuerz virun der Paus war de Lëtzebuerger Champion duerch e Géigegol vum Topra (42') mat 0:1 a Réckstand geroden. Fir d'Entscheedung huet d'Kiviranta an der 80. Minutt gesuergt. De Racing hat bis zum Schluss dem 0:2 näischt méi entgéintzesetzen.

D'Champions-League-Qualifikatioun gëtt a Form vun engem Mini-Tournoi gespillt. Duerch d'Defaite spillt de Racing e Samschdeg um 13:00 Auer géint d'Sarajevo aus Bosnien-Herzegowina, déi hir Halleffinall mat 2:3 géint PSV Eindhoven aus Holland verluer hunn, ëm déi 3. Plaz. Am Fall vun enger Victoire geet et fir d'Damme vum Racing an der Qualifikatioun vum Europa Cup weider.

D'Finall vum Mini-Tournoi tëscht Eindhoven an Helsinki gëtt e Samschdeg um 19:00 Auer gespillt.

Back to Top
CIM LOGO