An den internationale Futtball-Championnater sinn op en Neits eng Rei Decisioune virum Schluss vun der Saison gefall. An England huet sech beispillsweis Manchester United fréizäiteg d'Plaz an der Champions League fir déi nächst Saison geséchert. D'Red Devils konnte sech doheem mat 3:2 géint den direkte Konkurrent Liverpool duerchsetzen. An Däitschland huet dogéint Mainz mat engem 2:1-Succès d'Klass gehalen, wärend et fir den FC St. Pauli mam Danel Sinani fir déi lescht zwee Spilldeeg immens enk gëtt. Och Borussia Mönchengladbach huet de Verbleif an der 1. Bundesliga geséchert, dat no enger spéider 1:0-Victoire géint Borussia Dortmund.
St. Pauli - Mainz 1:2
0:1 Tietz (6'), 0:2 Mwene (40'), 1:2 Ceesay (87')
Den 1. FSV Mainz 05 bleift duerch eng 1:2-Victoire éischtklasseg, wärend et fir den FC St. Pauli ëmmer méi enk gëtt. Duerch d'Goler vum Tietz an Mwene louchen d'Gäscht aus Mainz schonn an der Paus net onverdéngt a Féierung. Fir den Ufank vun der zweeter Hallschent gouf dann ënner anerem den Danel Sinani ausgewiesselt, ma vun der Lokalekipp war offensiv weiderhin näischt ze gesinn. Réischt an der Schlussphas ass et gelongen, op 1:2 ze verkierzen, war awer ze spéit war, fir nach ee Punkt am Ofstigspunkt doheem ze halen.
Gladbach - Dortmund 1:0
1:0 Tabakovic (88')
Freiburg - Wolfsburg (19.30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Manchester United - Liverpool 3:2
1:0 Cunha (6'), 2:0 Sesko (14'), 2:1 Szoboszlai (47'), 2:2 Gakpo (56'), 3:2 Mainoo (77')
Manchester United huet sech mat enger 3:2-Victoire géint Liverpool den Champions-League-Ticket fir déi nächst Saison geséchert. Am Old Trafford war d'Lokalekipp immens gutt an de Match gestart a louch no scho 14 Minutte mat zwee Goler a Féierung. Réischt no 20 Minutten huet och Liverpool sech eng éischte Kéier gemellt. D'Reds haten duerno och méi de Ball, konnte virun der Paus awer näischt domadder ufänken. Réischt nom Säitewiessel huet et dann och mat de Goler geklappt a sou waren et d'Goler vum Szoboszlau a Gakpo, déi de Score nees egaliséiert hunn. Dat lescht Wuert sollt op dësem interessante Match awer de Kobbie Mainoo hunn.
Bournemouth - Palace 3:0
1:0 Lerma (10'), 2:0 Kroupi (32'), 3:0 Rayan (77')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Sassuolo - AC Mailand 2:0
1:0 Berardi (5'), 2:0 Laurienté (47')
Juventus - Hellas 1:1
0:1 Bowie (34'), 1:1 Vlahovic (62')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Lille - Le Havre 1:1
1:0 Haraldsson (29'), 1:1 Soumaré (33')
Lille huet géint den Ofstigskandidat Le Havre Punkte leie gelooss a riskéiert domat, déi drëtt Plaz ze verléieren. Nom Féierungsgol vum Hakon Haraldsson war et de Gäscht gelongen, eng séier Äntwert a Form vum Ausgläich ze ginn. Duerno huet quasi just nach Lille gespillt, ma de Ball wollt awer einfach keng zweete Kéier eragoen, sou datt um Enn just en enttäuschenden 1:1 feststoung.Domat huet Lyon oder Rennes d'Chance, e Sonndeg den Owend an der Tabell laanscht op d'Champions-League-Plaz ze zéien.
Stroossbuerg - Toulouse 1:2
1:0 Amo-Ameyaw (27'), 1:1 Methalie (43'), 1:2 Emersonn (84')
FC Paris - Brest 4:0
1:0 Matondo (13'), 2:0 Geubbels (20'), 3:0 Matondo (67'), 4:0 Koleosho (89')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Celta Vigo - Elche 3:1
1:0 Alvarez (14'), 2:0 Aspas (30'), 2:1 Silva (82'), 3:1 Iglesias (85')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga