Champions LeagueD'Finall ass 2028 zu München, 2029 dann zu Barcelona

Jeff Kettenmeyer
Sam Rickal
Dat huet déi europäesch Futtballfederatioun UEFA en Dënschdeg offiziell annoncéiert.
2028 ass d'Finall vun der UEFA Champions League rëm zu München.
2028 ass d'Finall vun der UEFA Champions League rëm zu München.
© SVEN HOPPE / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

2028 ass d'Champions-League-Finall zu München an der Allianz Arena, do wou d'Finall schonn d'lescht Joer war. Am Stadion vu Bayern München konnt sech deemools Paris Saint Germain 5:0 géint Inter Mailand duerchsetzen. Et war den éischte Gewënn iwwerhaapt an der Kinneksklass vum PSG. D'Finall war och schonn ënner anerem 2012 an 1997 zu München.

Donieft gouf och well festgeluecht, datt 2029 d'Finall vun der UEFA Champions League zu Barcelona am nei ëmgebaute Camp Nou wäert gespillt ginn. Déi lescht Finall am Stadion vum FC Barcelona gouf et am Joer 1999. Deemools konnt sech Manchester United duerch zwee Goler an der Nospillzäit 2:1 géint Bayern München behaapten.

Dës Saison ass d'Finall iwwregens och a Spuenien, nämlech de 5. Juni 2027 zu Madrid am Stadion vun Atlético.

Back to Top
CIM LOGO