
Fir déi gréisst Iwwerraschung vum Dag huet am DFB-Pokal den SSV Jeddeloh gesuergt. De Veräin aus der Regionalliga huet de Bundesligist Heidenheim mat 5:2 eliminéiert. Fir eng weider Iwwerraschung huet Essen mam Aiman Dardari gesuergt. De Veräin aus der 3. Liga huet St. Pauli, déi um Enn vun der leschter Saison an déi 2. Bundesliga ofgestige waren, duerch en 2:0 erausgehäit. Keng Problemer haten dogéint Mainz 05 (9:0 géint Krieschow) a Borussia Mönchengladbach (5:0 géint Schott Mainz). Och Union Berlin ass mat engem 4:2 zu Braunschweig eng Ronn weider, genee wéi Magdeburg mam Eldin Dzogovic (4:0 géint Bahlinger SC).
An der Premier League huet Brighton e staarken Optrëtt fir den Optakt higeluecht a sech mat 4:0 géint Aston Villa duerchgesat. Bei Aston Villa huet de Lëtzebuerger Brian Madjo wéinst enger Blessur gefeelt. Den aktuelle Champion Manchester City huet Bournemouth mat 2:1 geklappt. Liverpool krut eng Néierlag um éischte Spilldag nach esou just verhënnert. Duerch e spéiden Eelefmeter huet een nach ee Punkt zu Newcastle gerett.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
A Frankräich huet Monaco säin Auswäertsmatch zu Le Havre mat 1:0 gewonnen. Lille huet sech mat 2:0 zu Angers duerchgesat. E Sonndeg den Owend gouf et een enke Match tëscht Rennes an dem PSG. Nodeems Rennes an der Paus mat 2:0 a Féierung louch, ass et dem PSG an der zweeter Hallschent gelongen, fir duerch zwee Goler vum Torres nach op 2:2 auszegläichen an ee Punkt mat heem ze huelen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Juventus Turin ass mat enger 1:0-Victoire zu Frosinone an déi nei Serie-A-Saison gestart. Lecce huet sech auswäerts mat 2:0 géint Venezia duerchgesat. Den AC Mailand huet fir den Optakt mat 2:1 zu Turin gewinnen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
An der spuenescher LaLiga ass Atlético Madrid virun den eegene Supporter net iwwer en 2:2 géint Villarreal erauskomm. Getafe huet sech mat 1:0 géint Racing Santander duerchgesat.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga