
En Donneschdeg den Owend huet Real Madrid offiziell matgedeelt, datt een de José Mourinho als neien Trainer engagéiert huet. Wéi et am offizielle Schreiwes heescht, huet den 63 Joer ale Portugis e Kontrakt fir déi nächst dräi Saisone bis den 30. Juni 2029 ënnerschriwwen.
Domadder ass also "The Special One" zeréck an der spuenescher Haaptstad. D'Madrilenen hunn de José Mourinho scho vun 2010 bis 2013 trainéiert a konnten an der Zäit souwuel ee Mol de spuenesche Championstitel, d'Coupe wéi och de Supercup gewannen.
Benfica Lissabon hat dës Woch well matgedeelt, dass Real de Portugis fir 15 Millioune kafe géif an datt hien och säin Accord ginn hätt fir e Wiessel. Real ass dem elo fréieren Trainer vum Lëtzebuerger Leandro Barreiro seng 13. Statioun am Profi-Futtball. Donieft war de 4-fachen Trainer vum Joer och scho bei Fenerbahce, der AS Roum, Tottenham, Manchester United, Inter Mailand, Porto an zweemol bei Chelsea a Benfica als Chef-Coach aktiv. Zu Barcelona a beim Sporting war de Mourinho och nach Co-Trainer.
A senger 26 Joer laanger Karriär huet den "The Special One" 26 Titele gewonnen.