Den Iwwerbléck vum internationale FuttballLiverpool gewënnt Merseyside-Derby, Bayern feiere 35. Meeschterschaft

RTL Lëtzebuerg
An der Ligue 1 léisst Monaco géint den Ofstigskandidat Auxerre wichteg Punkten am Kampf ëm Europa leien.
© PAUL ELLIS/AFP

Bundesliga

SC Freiburg - FC Heidenheim 2:1
1:0 Manzambi (24'), 1:1 Zivzivadze (58'), 2:1 Eggestein (83')

Nom éischtmolege Weiderkommen an eng international Halleffinall huet sech Freiburg géint Heidenheim laang schwéier gedoen. Déi éischt 20 Minutten hunn de Gäscht gehéiert, déi awer doraus kee Kapital schloe konnten. Kuerz drop goufe si vu Freiburg ausgekontert a sinn a Réckstand geroden. Eng Véierelstonn no der Paus konnt Heidenheim duerch e schéine Wäitschoss ausgläichen. Duerno hu sech béid Ekippe belauert, waren awer net wierklech geféierlech. Eréishct den Eggestein konnt Freiburg erléisen. Duerch d’Victoire géint den Tabelleleschte iwwerhëlt Freiburg Plaz 7 vu Frankfurt.

FC Bayern München - VfB Stuttgart 4:2
0:1 Führich (21'), 1:1 Guerreiro (31'), 2:1 Jackson (33'), 3:1 Davies (37'), 4:1 Kane (52'), 4:2 Chema Andrés (89')

Den FC Bayern München huet vun der Dortmunder Néierlag géint Hoffenheim profitéiert a véier Matcher viru Schluss déi 35. Meeschterschaft kloergemaach. Wuel hat de Rekordmeeschter am Ufank e puer Schwieregkeeten a louch souguer hannen, mee bannent 7 Minutte konnt hien de Match zu senge Gonschten dréien; an dat obwuel den Harry Kane net um Terrain stoung. Dee koum eréischt no der Paus eran a konnt direkt e Gol schéissen; säin 32. an dëser Saison. Um Enn vum Match konnt Stuttgart mat engem flotte Gol vum Chema Andrés nach verkierzen.

Borussia Mönchengladbach - FSV Mainz 05 (19.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Aston Villa - AFC Sunderland 4:3
1:0 Watkins (2'), 1:1 Rigg (9'), 2:1 Watkins (36'), 3:1 Rogers (46'), 3:2 Hume (86'), 3:3 Isidor (87'), 4:3 Abraham (90'+3)

FC Everton - FC Liverpool 1:2
0:1 Salah (29'), 1:1 Beto (54'), 1:2 van Dijk (90'+10)

Everton hat staark ugefaangen, duerft sech awer just kuerz iwwer den 1:0 freeën, well dësen aus dem Abseits markéiert gi war. Kuerz drop hat de Salah d’Reds aus dem Näischt a Féierung bruecht. Am Uschloss koum Liverpool besser an de Match an d’Féierung goung dowéinst an d’Rei. Nom Ausgläich vun den Toffees hate béid Ekippen eng Hellewull u Golchancen, déi awer all net genotzt goufen. An der laanger Nospillzäit hat Liverpool dat néidegt Gléck op senger Säit a konnt an der Persoun vum Virgil van Dijk zum 2:1 akäppen. Liverpool festegt domat seng fënneft Plaz virun Chelsea.

Manchester City - FC Arsenal London 2:1
1:0 Cherki (16'), 1:1 Havertz (18'), 2:1 Haaland (65')

Et war e Match op Aenhéicht, mee um Enn huet déi méi effektiv Ekipp de Match gewonnen. Mat der Victoire ass ManCity elo bis op dräi Punkten um Tabelleleader Arsenal drun, dat fënnef Spilldeeg viru Schluss. An d’Skyblues hunn nach e Match nozehuelen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Hellas Verona - AC Mailand 0:1
0:1 Rabiot (41')

Den AC Mailand ka sech beim Tabelleleschte Verona behaapten an dierf weider vun enger Participatioun un der Champions League dreemen. D’Rossonerri hunn elo 8 Punkte Virsprong op de Fënnefte Como bei nach fënnef Matcher. De Réckstand op den Tabellenéischten Inter Mailand ass mat 12 Punkten ze grouss, fir nach eng Kéier unzegräifen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

AS Monaco - AJ Auxerre 2:2
0:1 Danois (11'), 0:2 Sinayoko (33'), 1:2 Fati (56'), 2:2 Balogun (59', Eelefmeter)

FC Metz - FC Paräis 1:3
0:1 Gory (21'), 1:1 Kvilitaia (31'), 1:2 Otavio (69'), 1:3 Kebbal (89')

Den Opsteiger FC Paräis huet mat der Victoire beim FC Metz de Klassenerhalt geséchert. Fir d’Grenats ass den Ofstig kaum nach ze verhënneren. Metz hat wuel eng Äntwert op d’Paräisser Féierung parat, mee an der zweeter Hallschent blouwen d’Gäscht déi dominéierend Ekipp a koume verdéngt zum zweete Gol. Metz huet nach eng Kéier alles no vir gehäit, fir den Ausgläich ze markéieren, mee et war Paräis, dat spéit den Deckel op de Match gemaach huet. D’Grenats waarden zënter 18 Matcher op eng Victoire.

Racing Stroossbuerg - Stade Rennes 0:3
0:1 Lepaul (20'), 0:2 Embolo (50'), 0:3 Tamari (52')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO