An den internationale Futtballchampionnater geet et ëmmer méi a Richtung Schluss vun der Saison. An der Bundesliga ass de Champion mam FC Bayern zwar schonn decidéiert, ma hannendru gëtt sech nach ferm ëm eng Plaz an der Champions League d'nächst Saison gestridden. De VfB Stuttgart bleift trotz engem 1:1-Remis géint Bremen e Sonndeg op der 4. Plaz, ass elo awer punktgläich mat der TSG Hoffenheim hannendrun. Och Leverkusen huet dohannert mat zwee Punkten Ecart nach ee Wuert matzeschwätzen.
De Wee an d'Ligue 2 muss héchstwarscheinlech den FC Metz untrieden. E Sonndeg den Owend huet een trotz véierfachem Réckstand nach e Punkt erkämpft, ma dräi Spilldeeg viru Schluss ass de Réckstand op d'Relegatiounsplaz bei néng Punkten, mat enger däitlecher méi schlechter Goldifferenz. E spéide Comeback duerch zwee Goler an der Nospillzäit ass dann och nach Stroossbuerg zu Lorient gelongen, duerch deen ee weider op eng international Plaz hoffe kann.
An England huet sech dann den FC Chelsea mat engem 1:0-Succès fir d'Finall vum FA Cup qualifizéiert, wou de 16. Mee am Wembley Stadium Manchester City waart.
Stuttgart - Bremen 1:1
0:1 Stage (18'), 1:1 Demirovic (61')
Stuttgart bleift trotz engem Punkteverloscht géint Bremen weider op enger Champions-League-Plaz. D'Gäscht ware relativ gutt an déi éischt Hallschent gestart a konnten no knapp 20 Minutten net ganz onverdéngt den 1:0 am Numm vum Jens Stage schéissen. Duerno huet ee sech da méi op d'Defense konzentréiert a Stuttgart hat et schwéier, e Wee derlaanscht ze fannen. Och am zweeten Duerchgang war Bremen weider waakreg an ass ëmmer nees an d'Zweekämpf gaangen. D'Haushäre sollten dann awer nach eemol de Wee virun de géigneresche Gol fannen a sou war et no enger gudder Stonn den Ermedin Demirovic, dee per Kapp ausgläiche konnt. Bis zum Schluss war den Ausgang vun der Partie oppen, um Enn ass et da bei engem gerechten 1:1 bliwwen.
Dortmund - Freiburg 4:0
1:0 Beier (8'), 2:0 Guirassy (14'), 3:0 Bensebaini (31'), 4:0 Silva (87')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Chelsea - Leeds 1:0
1:0 Fernandez (23')
Chelsea ass an der 1/2-Finall ee Gol duergaangen, fir sech den Ticket fir d'Finall ze sécheren. Mam Interimstrainer Calum McFarlane hunn d'Blues eng stabil Leeschtung bannent den éischte 45 Minutte gewisen. No engem géigneresche Ballverloscht war et de Pedro Neto, dee per Flank op den Enzo Fernandez opgeluecht huet, deen da mam Kapp sécher op 1:0 stelle konnt. Vill ze ziele gouf et an enger zéier zweeter Hallschent net. Um Enn sollt et awer duergoen, fir d'Victoire iwwert d'Zäit ze bréngen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Genua - Como 0:2
0:1 Douvikas (10'), 0:2 Diao (68')
FC Turin - Inter Mailand 2:2
0:1 Thuram (23'), 0:2 Bisseck (61'), 1:2 Simeone (70'), 2:2 Vlasic (79')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Lorient - Stroossbuerg 2:3
1:0 Cadiou (26'), 2:0 Pagis (54'), 2:1 Nanasi (62'), 2:2 Adjej (90+2'), 2:3 Omobamidele (90+9')
Stroossbuerg ass am Match géint Lorient e geckege Comeback gelongen. Bis an d'Nospillzäit era louchen d'Elsasser nach am Réckstand, ma d'Goler vum Adjej an Omobamidele an der 92. an 99. Minutt hunn dann awer nach fir e spéide Succès gesuergt. An der Tabell bleift Stroossbuerg domat weider op d'mannst eng kleng Chance, fir och d'nächst Saison kënnen international ze spillen.
Le Havre - Metz 4:4
1:0 Samatta (5'), 1:1 Kvilitaia (9'), 2:1 Kechta (13'), 2:2 Hein (45+6'), 3:2 Zouaoui (52'), 3:3 Pandore (54'), 4:3 Doucouré (61'), 4:4 Hein (85')
Vill Goler gouf et och zu Le Havre, wou et fir den FC Metz trotz véierfachem Ausgläich mat engem 4:4-Remis awer kee gutt Enn gouf. Fir den FC Metz steet domat dräi Spilldeeg viru Schluss mat engem Réckstand vun 9 Punkten op d'Relegatiounsplaz den Ofstig an d'Ligue 2 sou gutt wéi fest fest.
FC Paris - Lille 0:1
0:1 Fernandez-Pardo (26')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Rayo - San Sebastian 3:3
0:1 Oyarzabal (22'), 1:1 Camello (30'), 1:2 Oskarsson (63'), 1:3 Oyarzabal (76'), 2:3 Lejeune (84'), 3:3 Alemao (90+9')
Osasuna - FC Sevilla 2:1
0:1 Maupay (69'), 1:1 Raul (80'), 2:1 Catena (90+9')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga