
An der Bundesliga huet Bayern en 0:3-Réckstand zu Mainz gedréint an d'Partie um Enn mat 4:3 gewonnen. Den Danel Sinani huet mat St. Pauli zu Heidenheim verluer.
D'AS Roum bleift no enger Victoire zu Bologna un den Champions-League-Plazen drun.
Liverpool - Crystal Palace 3:1
1:0 Isak (35'), 2:0 Robertson (40'), 2:1 Munoz (71'), 3:1 Wirtz (90+6')
Liverpool konnt vun der Defaite vun Aston Villa profitéieren a steet no der souveräner Victoire géint Crystal Palace op der 4. Plaz an der Tabell. Liverpool war no 45 Minutte verdéngt mat 2:0 vir. Nom Téi sinn d'Gäscht méi staark ginn a konnte mat Liverpool matspillen. Méi wéi den 1:2-Uschlossgol sollt Palace awer net méi geléngen. Op der anerer Säit konnt de Wirtz alles kloer maachen.
Wolverhampton - Tottenham 0:1
0:1 Palhinha (82')
Laang hat et zu Wolverhampton no engem 0:0 ausgesinn. De Palhinha konnt Tottenham 8 Minutte viru Schluss erléisen. No der éischter Victoire an der Premier League zanter dem 28. Dezember 2025 steet een awer weiderhin op enger Ofstigsplaz. 2 Punkte feelen Tottenham op West Ham, déi sech géint Everton duerchgesat hunn.
Arsenal - Newcastle 1:0
1:0 Eze (9')
An enger Partie ouni vill Héichpunkten ass de Gunners e fréie Gol duerch den Eze duergaange, fir sech bei engem Match méi nees vu ManCity ofzesetzen an d'Féierung an der Tabell z'iwwerhuelen. Bei engem Succès am Nodrosmatch ka ManCity mat Arsenal awer nees gläichzéien.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
An der FA-Cup-Halleffinall huet sech ManCity géint Southampton knapp mat 2:1 behaapt a steet an der Finall. Den Underdog aus der 2. englescher Liga war an der 79. Minutt duerch den Azaz a Féierung gaangen. D'Citizens konnten tëscht der 82. an der 87. Minutt zweemol de Ball am Gol ënnerbréngen an esou d'Partie nach komplett dréinen. An der Finall spillt een entweder géint Chelsea oder géint Leeds United.
Bologna - AS Roum 0:2
0:1 Malen (7'), 0:2 El Aynaoui (45+1')
Roum hat zu Bologna keng Problemer fir sech mat 2:0 ze behaapten. D'Gäscht bleiwen op der 5. Plaz a bleiwen un der Juve op der 4. Plaz drun.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Lyon - Auxerre 3:2
1:0 Yaremchuk (19'), 1:1 Diomande (35'), 2:1 Tolisso (66'), 3:1 Yaremchuk (71'), 3:2 Okoh (88')
Lyon war an der 1. Hallschent dominant a goung verdéngt a Féierung. D'Gäscht hunn dat meescht aus hire Chancen erausgeholl a konnte virum Säitewiessel ausgläichen. An der 2. Hallschent ass Lyon der Favoritteroll gerecht ginn an huet mat zwee weidere Goler d'Partie entscheet. Den 2:3-Uschlossgol vun de Gäscht koum an der Schlussphas ze spéit. An der Tabell ka Lyon sech den Ament op der 3. Plaz halen. Fir Auxerre gesäit et op der drëttleschter Plaz net esou gutt aus.
Angers - PSG 0:3
0:1 Kang-in (8'), 0:2 Mayulu (39'), 0:3 Beraldo (53')
D'Generalprouf fir den Allersmatch an der Champions League-Halleffinall géint Bayern ass dem PSG gelongen. Zu Angers gouf et eng 3:0-Victoire. An der Tabell ka Paräis de Virsprong op 6 Punkten op Lens erhéijen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Getafe - Barcelona 0:2
0:1 Lopez (45'), 0:2 Rashford (74')
Barcelona konnt sech ouni Problemer zu Getafe duerchsetzen a mécht e weidere Schratt a Richtung Titel. An der Tabell huet ee 5 Spilldeeg viru Schluss 11 Punkten Avance op den Tabellenzweete Real Madrid.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga