Den Iwwerbléck vum internationale FuttballStuttgart spillt d'Finall vum DFB-Pokal géint Bayern München

Kevin Kayser
En Donneschdeg war déi zweet Halleffinall vun der däitscher Coupe.
De Freiburger Golkipp Florian Müller konnt seng Ekipp zum Schluss net bis an d'Eelefmeterschéisse retten.
De Freiburger Golkipp Florian Müller konnt seng Ekipp zum Schluss net bis an d'Eelefmeterschéisse retten.
© THOMAS KIENZLE/AFP

DFB-Pokal

VFB Stuttgart - SC Freiburg 2:1 (n.V)
0:1 Eggestein (28'). 1:1 Undav (70'), 2:1 Tomas (119')

Nodeem sech Bayern e Mëttwoch mat 2:0 zu Leverkusen konnt duerchsetzen, stoung en Donneschdeg den Owend den Duell tëscht Stuttgart a Freiburg um Programm. Fir béid Ekippe leeft d'Saison bis ewell net esou schlecht. Stuttgart wier als aktuell Véierte fir d'Champions League qualifizéiert a Freiburg, aktuell 7., huet nach d'Chance op d'Conference League Quali. Ma d'Breisgauer hunn et och an der Europa League bis an d'Halleffinall gepackt, wou si déi nächst Wochen op Sporting Braga treffen. Bei de Freiburger schéngt et also, als géif et bei hinnen donneschdes Owes lafen.

A laang hat ee gemengt, dat géif och dës Woch esou passéieren. Well, obwuel Stuttgart méi vum Match hat, hat Freiburg an der éischter Hallschent déi besser Golchancen. Eng dovunner hu si dunn an der 28. Minutt genotzt, wéi den Eggestein e Schoss vum Ginter esou ofgefälscht huet, datt de Golkipp net méi konnt drukommen. Mat enger knapper 1:0-Féierung goung et an d'Paus.

Stuttgart huet nom Säitewiessel méi fir d'Partie gemaach a sech dann och méi Chancen erausgespillt. Nodeem de VAR no enger Stonn de Gol vum Stiller wéinst Abseits oferkannt huet, huet den Undav et 10 Minutte méi spéit besser gemaach, nodeem den El Khannouss hie schéin an Zeen gesat huet. Well et no 90 Minutte kee Gewënner an dëser Partie gouf, goung et an d'Verlängerung. An do huet Stuttgart wierklech dominéiert: 75% Ballbesëtz, 10 zu 4 Schëss, dovun dräi Grousschancen. An awer huet et bis zu der 119. Minutt gedauert, bis den Tomas si mat engem Gol mam Tallek erléist huet.

La Liga

UD Levante - FC Sevilla 2:0

1:0 Romero (28'), 2:0 Romero (90'+3)

Levante huet am Ofstigskampf wichteg Punkte geholl an dat géint ee vun den direkte Géigner. Sevilla war als 17. bei den 19. Levante gereest, dat mat enger Avance vun nach 5 Punkten. Ma fir d'Heemekipp war kloer, datt een d'Punkten doheem muss halen, fir nach eng Chance ze hunn, fir net ofzesteigen. An engem Match mat net onbedéngt ville grousse Golchancen haten d'Gäscht zwar méi Ballbesëtz, waren awer virum Gol vu Levante net wierklech dacks ze fannen. Levante dogéint huet dat bescht aus hire Situatioune gemaach a konnt zwee vun hiren dräi Schëss op de Gol verwandelen. A béide Fäll war et de Romero (38' an 90'+3), dee fir d'Goler fir d'Heemekipp gesuergt huet. Duerch dës Victoire ass et elo am Keller vun der La Liga ganz enk, well tëscht dem 14. Valencia (36 Punkten) an dem 19. Levante (32 Punkten) leie grad emol 4 Punkten. Als 20. ass Real Oviedo, déi 1:1 doheem géint Valencia gespillt hunn, mat 28 Punkten dann e bëssen ofgeschloen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO