BundesligaHeidenheim verkierzt Réckstand op d'Relegatiounsplaz, Bayern dréint geckeg Partie zu Mainz

Ted Koob
Am Derby konnt sech Leverkusen donieft zu Köln duerchsetzen. Keng Gewënner gouf et an de Partië Wolfsburg géint Gladbach an Augsburg géint Frankfurt.
© TOM WELLER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Heidenheim konnt géint St. Pauli 2:0 gewannen a wiert sech weiderhin daper géint den Ofstig. D'Heemekipp goung no 3 Minutte fréi no engem Corner duerch den Zivzivadze a Féierung. Bei Pauli gouf et vill Feeler a Feelpäss am Spill no vir, esou datt et kaum geféierlech virum Heidenheimer Gol gouf. Nom Säitewiessel hunn d'Gäscht d'Heft an d'Hand geholl waren an enger éischter Phas weiderhin ze harmlos am Spill no vir. D'Heemekipp huet gutt dogéint gehalen an den Dinkci huet an der 82. Minutt den Deckel op d'Partie gemaach. Heidenheim bleift an der Tabell op der leschter Plaz, huet awer just nach 4 Punkte Retard op St. Pauli op der Relegatiounsplaz. Fir d'Ekipp vum Danel Sinani gëtt d'Loft ëmmer méi dënn.

Am Derby huet Köln géint Leverkusen mat 1:2 de Kierzere gezunn. An der 1. Hallschent gouf et op béide Säite vill Geleeënheeten, an enger éischter Phas konnt awer weder Köln nach Leverkusen markéieren. Kuerz virun der Paus huet de Schick no engem Eelefmeter den 1:0 fir d'Gäscht markéiert. An der 52. Minutt huet de selwechte Spiller no engem Konter fir den 2:0 gesuergt. D'Heemekipp huet weider monter no vir gespillt, war am Ofschloss virum Gol net präzis genuch. 13 Minutte viru Schluss ass dem Waldschmidt den 1:2 gelongen. Vu Leverkusen koum net méi vill, de knappe Virsprong huet d'Ekipp vum Kasper Hjulmand awer net méi ofginn.

Mainz verléiert eng geckeg Partie doheem mat 3:4 géint de scho gekréinte Meeschter Bayern. Mainz war vun Ufank u besser am Match a war an der Paus duerch Goler vu Kohr, Nebel a Becker mat 3:0 vir. D'Gäscht kruten an de Kabinnen de Kapp gewäsch a sinn an der 2. Hallschent ganz anescht opgetrueden. Jackson, Olise, Musiala a Kane hunn tëscht der 53. an der 83. Minutt véier Goler markéiert a konnten den 0:3-Réckstand nach komplett dréinen.

Keng Goler si beim 0:0 tëscht Gladbach a Wolfsburg gefall. En 1:1-Remis gouf et tëscht Augsburg a Frankfurt.

An der Owespartie huet Hamburg mat 1:2 géint Hoffenheim verluer. Den Asllani hat d'Gäscht a Féierung bruecht, de Glatzel konnt awer no engem Eelefmeter an der 34. Minutt ausgläichen. Kuerz virun der Paus ass dem Lemperle op en Neits d'Féierung gelongen. Hamburg huet an der 2. Hallschent op den Ausgläich gedréckt, e Gol sollt awer net méi falen.

An England gouf et fir Tottenham déi éischt Victoire an der Premier League zanter Dezember.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO