
E Sonndeg den Owend war et um 19 Auer de Match tëscht dem FC 47 Baastenduerf (1. Divisioun) an dem FC Olympia Chrëschtnech-Waldbëlleg (2. Divisioun). Chrëschtnech hat an den éischten 10 Minutten schonn direkt 2 mol getraff an d'Baastenduerfer äiskal erwëscht.
An der zweeter Hallschent konnt Baastenduerf awer reagéieren an op 2:2 ausgläichen. Et goufen 9 Minutten Nospillzäit ugewisen, an do gouf et nach emol richteg spannend. An der 96. Minutt geléngt Chrëschtnech den 3:2 an et huet sou ausgesinn, wéi wa si d'Victoire kéinte feieren, ma just 3 Minutte méi spéit konnt Baastenduerf nach emol ausgläichen, kuerz éier ofgepaff gouf. Et goung deemno an d'Verlängerung. Hei ass kee Gol méi gefall an d'Decisioun huet mussen am Eelefmeterschéisse falen.
Hei hunn d'Baastenduerfer dunn Nerve gewisen an 3 Eelefmeter net verwandelt, iwwerdeems d'Spiller vu Chrëschtnech getraff hunn. Si setze sech um Enn mat 6:3 duerch a kënnen den Opstig aus der 2. Divisioun an déi 1. Divisioun feieren, wärend Baastenduerf ofsteigt.
Eng komplett Fotogalerie vum Match gëtt nodréiglech online gesat.
FC 47 Baastenduerf - FC Olympia Chrëschtnech-Waldbëlleg 3:6
0:1 Pereira Ricardo Daniel (6'), 0:2 Lima Lopes Tomas Manuel (8'), 1:2 Richartz Max (59' Eelefmeter), 2:2 Marques Luca (83'), 2:3 Dos Reis Lima Jonathan (90'+6), 3:3 Mourao Morais Dany (90'+ 9)
Eelefmeterschéissen:
3:4 Barrela Lavinas Billy
3:4 Lesueur Fabio (verschoss)
3:5 Barrela Lavinas Tony
3:5 Reuter Richard (verschoss)
3:6 Dos Reis Lima Jonathan
3:6 Richartz Max (verschoss)