Champions League op RTL ZWEE, RTL.lu an um RTL PlayParis St. Germain géint Arsenal vu 17.45 Auer u live

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend ass zu Budapest an Ungarn d'Finall vun der Futtball-Champions-League.

Nodeems souwuel Paris St. Germain wéi och den FC Arsenal déi jeeweileg national Championstitele gewonnen hunn, kéinte béid Veräiner hir Saison e Samschdeg den Owend mam Champions-League-Titel kréinen.

De PSG geet als Titelverdeedeger an d'Finall. Sollt een de Match gewannen, dat wier d'Ekipp vum Luis Enrique zanter der Aféierung vun der Champions League déi zweet Ekipp no Real Madrid, där dat géing geléngen. Arsenal konnt sech nach ni den Titel an der Champions League sécheren.

D'Finall gëtt an der Puskas-Arena zu Budapest an Ungarn gespillt. Schonn um 18 Auer gëtt de Match vum däitschen Arbitter Daniel Siebert ugepaff.

Presentatioun a Commentaire: Jeff Kettenmeyer a Paul Philipp.

Sender: RTL ZWEE
Ufank vun der Emissioun: 17h45
Ufank vum Match: 18h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h15

Mir iwwerdroen op RTL.lu an iwwer d'Appen de Programm vum RTL ZWEE.

D'Resultater

D'Resultater, d'Statistiken an déi eenzel Ekippe fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO