
Wéi de Veräin en Donneschdeg de Moie matdeelt, wäert de Fransous Jérémy Deichelbohrer, bis ewell Coach vun der US Munneref, den Trainerposte bei der éischter Ekipp iwwerhuelen. Mat him op Stroossen wiesselt de Julien Quercia als ee vun den Assistenztraineren. Komplettéiert gëtt säi Staff vum Mathias Di Mondo, dem Pedro Miguel an dem Emmanuel Andrien, dee weiderhi Golkippstrainer vun der UNA bleift.
Enn Abrëll hat sech Stroossen jo vum Stefano Bensi getrennt. De fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller huet entretemps als Cheftrainer bei der US Rëmeleng ënnerschriwwen.