WM-Kader vu SpuenienHistoresch - Spuenien fiert ouni Real-Spiller op d'WM

RTL Lëtzebuerg
Den Trainer Luis de la Fuente huet de Marc Pubill an den Eric Garcia selektionéiert, de Yamal ass trotz Blessur um Uewerschenkel mat dobäi.
De Spiller vu Barca Lamine Yamal steet am spuenesche Kader fir d'WM
De Lamine Yamal steet am spuenesche Kader fir d'WM
© EVRIM AYDIN/Anadolu via AFP

De spueneschen Nationaltrainer Luis de la Fuente huet e Méindeg säi Kader fir d'Futtball-Weltmeeschterschaft 2026 bekannt ginn. Den Titelverdeedeger start de 15. Juni géint de Cap Vert an den Tournoi.

Am Kader si 16 Spiller, déi 2024 den Europameeschtertitel gewonnen hunn. Mam Lamine Yamal ass och d'Aushängeschëld mat dobäi, dat trotz enger rezenter Blessur um Uewerschenkel. De Marc Pubill gouf fir d'éischte Kéier fir den A-Kader nominéiert. Fir den Eric Garcia ass et de Retour no der WM 2022 am Katar.

Den Nationaltrainer huet awer och fir en Novum bei senger Selektioun gesuergt. Nach ni ass Spuenien ouni e Spiller vum Rekordchampion Real Madrid op eng Futtball-WM gefuer. Dofir sinn direkt aacht Spiller vum Champion Barcelona mat u Bord. Ee vun hinnen den 18 Joer ale Yamal.

Weider Profien, déi mat dobäi sinn, sinn ë.a. den Alejandro Grimaldo vum Bundesligist Bayer Leverkusen, de Marc Cucurella vum FC Chelsea an de Mëttelfeld-Spiller Rodri vu Manchester City.

De komplette Kader*

Gol

Unai Simón (Athletic Club)
David Raya (Arsenal FC)
Joan Garcia (FC Barcelona)

Defense

Pedro Porro (Tottenham Hotspur)
Marcos Llorente (Atlético de Madrid)
Aymeric Laporte (Athletic Club)
Pau Cubarsí (FC Barcelona)
Marc Pubill (Atlético de Madrid)
Eric Garcia (FC Barcelona)
Marc Cucurella (Chelsea FC)
Alejandro Grimaldo (Bayer 04 Leverkusen)

Mëttelfeld

Rodrigo Hernández (Manchester City FC)
Martín Zubimendi (Arsenal FC)
Pedri González (FC Barcelona)
Fabián Ruiz (Paris Saint-Germain)
Mikel Merino (Arsenal FC)
Pablo Páez 'Gavi' (FC Barcelona)
Álex Baena (Atlético de Madrid)

Stuerm

Mikel Oyarzabal (Real Sociedad de Fútbol)
Lamine Yamal (FC Barcelona)
Ferran Torres (FC Barcelona)
Borja Iglesias (RC Celta)
Dani Olmo (FC Barcelona)
Víctor Muñoz (CA Osasuna)
Nico Williams (Athletic Club)
Yeremy Pino (Crystal Palace FC)

*Den 2. Juni gëtt d'FIFA offiziell de 26 Mann staarke Kader vun all den Ekippe bekannt.

Back to Top
CIM LOGO