
Zu de 26 Spiller, déi op d'WM an den USA, Kanada a Mexiko fueren, gehéiert finalement och den Neymar. Well u senger Fitness gezweiwelt gi war, hat den Nationaltrainer Carlo Ancelotti de Superstar net fir déi lescht zwee Lännermatcher am Mäerz nominéiert. Op der Weltmeeschterschaft wier dem Italieener awer Erfarung um Terrain wichteg an den Neymar hätt u senger Fitness geschafft, dowéinst wier hien elo awer am Kader, sou den Ancelotti bei der Presentatioun vun der brasilianescher Ekipp.
Am Oktober 2023 hat den Neymar fir d'lescht fir d'Selecao gespillt a sech an där Partie d'Kräizbänner gerass. Zanterhier war den entretemps 34 Joer ale Spiller senger fréierer Form hannendru gelaf. 2025 war den Neymar bei Al-Hilal SFC a Saudi-Arabien gewiesselt. 2017 war hien nach fir d'Rekordzomm vun 222 Milliounen Euro vum PSG bei den FC Barcelona gewiesselt.
Entretemps ass den Neymar awer op en Neits blesséiert, déi Kéier un der Wued. D'Blessur bräicht zwou bis dräi Woche fir ze heelen, sou d'Dokteren. Domat verpasst hien op alle Fall déi zwee lescht Preparatiounsmatcher géint Panama an Ägypten.
Alisson (FC Liverpool)
Ederson (Fenerbahce)
Weverton (Grêmio Porto Alegre)
Marquinhos (Paris Saint-Germain)
Gabriel (FC Arsenal)
Alex Sandro (Flamengo)
Bremer (Juventus Turin)
Danilo (Flamengo)
Douglas Santos (Zenit St. Petersburg),
Ibanez (Al-Ahli)
Leo Pereira (Flamengo)
Wesley (AS Roum)
Bruno Guimares (Newcastle United)
Casemiro (Manchester United)
Danilo (Botafogo)
Fabinho (Al-Ittihad)
Lucas Paqueta (Flamengo)
Endrick (Olympique Lyon)
Gabriel Martinelli (FC Arsenal)
Igor Thiago (FC Brentford)
Luis Henrique (Zenit St. Petersburg)
Matheus Cunha (Manchester United)
Neymar (FC Santos)
Vinicius Jr. (Real Madrid)
Raphinha (FC Barcelona)
Rayan (AFC Bournemouth)
Brasilien trëfft ab der Grupp C op Haïti, Schottland an den Afrika-Meeschter Marokko, deen de 14. Juni den éischte Géigner wäert sinn.