Virschau op d'Futtball-WM: Grupp APatrick Grettnich: "Engagement an Heemvirdeel maache Mexiko zum Gruppefavorit"

Tom Nols
Am Grupp A treffe Mexiko, Südafrika, Südkorea an Tschechien openeen. Mam Heemvirdeel am Réck missten d'Mexikaner déi beschten Chancen op Plaz 1 am Grupp hunn, seet eisen Expert.
De WM-Grupp A
De WM-Grupp A
© RTL Grafik

En Donneschdeg, den 11. Juni wäerte Mexiko a Südafrika den éischte Match vun dëser Futtball-WM spillen. De Patrick Grettnich, fréiere Stiermer fir d'Aris, d'Union an d'Etzella, huet eis de Grupp A analyséiert. Et ass en interessante Grupp, well véier Ekippe vu véier verschiddene Kontinenter dra sinn.

Favorit sinn d'Mexikaner, déi gutt organiséiert an defensiv ganz staark sinn. Hiert Engagement an hir Leidenschaft, zesumme mam Heemvirdeel, maache se zum Favorit vum Grupp.

Hannendru kënnt fir de Patrick Grettnich Südkorea, déi mam Kapitän Son (fréier Bundesliga a Premier League), mam Verdeedeger Kim (FC Bayern) a mam Lee (PSG) am offensive Mëttelfeld ganz gutt Eenzelspiller hunn, déi an hire Veräiner weisen, wat se drop hunn.

Liicht Virdeeler gesäit den aktuellen Trainer vun Useldeng bei Tschechien, wann et ëm déi drëtte Plaz am Grupp geet. E Patrick Schick am Stuerm ass ëmmer gutt fir e Gol an dem Tomas Soucek seng Erfarung kann och Gold wäert sinn.

Südafrika huet déi manner bekannt Spiller. Si sinn nach ni bei enger Weltmeeschterschaft iwwer d'Virronn erauskomm an de Patrick Grettnich fäert, dass dat och esou bleiwe wäert.

Dräi Froen un de Patrick Grettnich

Wie gëtt Weltmeeschter?
Wie gëtt déi gréissten Iwwerraschung?
Wiem drécks du d'Daumen?

Infoen iwwer de Grupp A

D'Mexikaner, déi fir déi 18. Kéier un enger Weltmeeschterschaft deelhuelen, gi vum Javier Aguirre trainéiert a riichte fir déi drëtte Kéier eng WM aus. 1970 an 1986 haten si et bis an d'Halleffinalle gepackt. An der aktueller Weltranglëscht läit Mexiko op Plaz 15. Bei der leschter WM war Mexiko nach an der Virronn erausgeflunn, do virdrun awer 7 mol hannerteneen an d'K.O.-Phas komm. Net just, well si doheem spillen, sinn d'Mexikaner de Favorit op déi éischt Plaz am Grupp.

Fir Südafrika ass et déi véiert Participatioun un enger WM. Si si bis elo nach ni iwwer d'Gruppephas erauskomm. D'Ekipp, déi vum Hugo Broos trainéiert gëtt, steet de Moment op der 60. Plaz vun der Weltranglëscht a gëtt vu munchen Experten als schwächsten Team vun dësem Grupp gesinn. Aussesäiter oder geféierlechen Underdog? Südafrika spekuléiert op d'mannst op déi drëtt Plaz am Grupp, fir vläicht iwwert dee Wee an d' Siechzéngtelsfinall ze kommen.

Südkorea wäert fir déi 12. Kéier un enger Futtball-Weltmeeschterschaft deelhuelen a läit aktuell op Plaz 20 am FIFA-Ranking. D'Asiaten dierfte mat hirem international erfuerene Kader duerchaus a Fro komme fir eng Plaz an der Ausscheedungsronn.

Déi tschechesch Nationalekipp huet sech iwwert de WM-Playoff qualifizéiert, ass fir déi 10. Kéier op enger WM a stoung (viru laanger Zäit) souguer zweemol an der Finall. Dëst Joer wäert et net sou wäit goen - dem Trainer Miroslav Koubek säin Team steet aktuell op Plaz 41 vun der Weltranglëscht. En Duell mat Südkorea ëm déi zweet Plaz am Grupp ass fir Tschechien awer net onwarscheinlech.

D'Matcher vum Grupp A wäerten zu Mexiko-Stad, Zapopan, Atlanta a Guadalupe gespillt ginn.

De Spillplang
D'Favoritten am Grupp
Dräi Fakten iwwer de Grupp

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Back to Top
CIM LOGO