Futtball-Championnat: BGL LigueLeader Stroossen léisst Punkte géint Racing leien, Déifferdeng profitéiert

Jeff Birsens
Duerch en 1:1 vu Stroossen réckelt Déifferdeng an der Tabell nees op ee Punkt un de Leader erun.
Stroossen ass doheem géint de Racing keng Victoire gelongen.
© Steven Milbert

Sonndeg gouf an der BGL Ligue de Rescht vum 10. Spilldag gespillt. Den Ufank hat e Samschdeg d'UN Käerjeng mat engem 2:1-Succès beim Progrès Nidderkuer gemaach.

De Leader Stroossen huet duerch en 1:1-Remis géint de Racing Punkte leie gelooss. No just siwe Minutten hat den Arbitter op den Eelefmeterpunkt gewisen an duerch de Babou Seye stoung et séier 1:0. D'Äntwert vum Racing huet awer och just dräi Minutten a Form vun engem Gol vum Dominik Stolz op sech waarde gelooss. Duerno war de Match am grousse Ganzen ausgeglach, mat Chancen op béide Säiten. En decisive Gol sollt awer kengem méi geléngen.

Profitéiert vum Stroossener Remis huet den FC Déifferdeng, dee sech mat 5:3 zu Rouspert duerchgesat huet an domat nees op ee Punkt un de Leader Stroossen eru réckelt. Duerch ee Golkippsfeeler konnt de Jean Corentin no nëmme véier Minutten den 1:0 fir d'Gäscht markéieren, deen den Jordy Soladio nëmme véier Minutten drop awer direkt nees egaliséiert huet. Am weidere Spillverlaf war Déifferdeng déi besser Ekipp a konnt nach virun der Paus de verdéngten 2:1 schéissen. Nom Säitewiessel hunn dann zwee weider séier Goler den Deckel quasi drop gemaach. Déifferdeng huet sech dës dräi Punkten trotz dem Uschloss vu Rouspert an der Schlussphas net méi huele gelooss.

Munneref huet seng Aufgab géint Wolz mat engem 4:1-Succès erfëllt a bleift weider op der drëtter Tabelleplaz stoen. Rëmeleng huet zu Walfer e klenge Befreiungsschlag duerch en 3:3-Remis verpasst, Biissen hat bei engem 5:1 géint Hueschtert keng Probleemer, genee wéi den F91 Diddeleng bei enger 5:0-Victoire géint Hesper. Fir d'Jeunesse gouf et dann nach mat engem 1:0 doheem dräi wichteg Punkte géint d'Etzella Ettelbréck.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO