Den Iwwerbléck vum internationale FuttballRC Lens bleift no Victoire géint Metz um PSG drun

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga hu sech St. Pauli a Frankfurt ouni Goler getrennt, wärend Union Berlin no der Néierlag géint Bremen nees déif am Ofstigskampf dran ass.
© FRANCOIS LO PRESTI/AFP

Bundesliga

FC St. Pauli - Eintracht Frankfurt 0:0

An engem kierperbetounte Match hu sech béid Ekippen näischt geschenkt. Soumat ass e Gläichspill dat gerecht Resultat. St. Pauli mam Danel Sinani huet sech méi op d’Defense an op d’Ënnerbanne vum Frankfurter Ugrëff fokusséiert, hat awer och e puer gutt Chancen. D’Hamburger hunn an der éischter Hallschent zweemol de Potto getraff, wat hir bescht Golchancë waren. De Sinani huet ee vun de Schëss un den Aluminium gesat. Frankfurt konnt säi Ballbesëtz net a geféierlech Aktiounen ëmmënzen. Fir St. Pauli ass dëse Punkt am Ofstigskampf méi wäert wéi fir d’Frankfurter ënnert dem neien Trainer Riera.

Union Berlin - Werder Bremen 1:4
1:0 Köhn (18', Eelefmeter), 1:1 Deman (31'), 1:2 Stage (36'), 1:3 Grüll (67'), 1:4 Covic (90'+4)

Bremen huet am fënnefte Match ënnert dem neien Trainer Daniel Thioune endlech eng positiv Serie gestart. Et war déi zweet Victoire hannerteneen fir déi Gréng-Wäiss. Domat zéie si Union Berlin nees déif mat an den Ofstigskampf. Fir d’éischt goung et gutt lass fir Berlin, mee no der Rouder Kaart koumen d’Gäscht besser an de Match a konnten d’Spill nach virun der Paus zu hire Gonschten dréien. Bremen huet nom Säitewiessel mat senger positiver Astellung weidergemaach a gouf mam drëtte Gol belount. Duerno war de Kampfgeescht vun Union gebrach a Bremen konnt d’Avance geréieren. Kuerz viru Schluss ass nach de véierte Gol fir Bremen gefall.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Serie A

AC Florenz - Parma Calcio 0:0

Trotz dem Gläichspill géint Parma ka Florenz op eng Netofstigsplaz sprangen, well Cremonese säin drëtte Match hannertenee verluer huet. D’Toskaner hunn elo ee Punkt Virsprong.

FC Genua - AS Roum 2:1
1:0 Junior Messias (52', Eelefmeter), 1:1 N’Dicka (55'), 2:1 Vitinha (80')

Duerch dës Néierlag verpasst et d’AS Roum, un Neapel an dem AC Mailand drunzebleiwen. Fir Genua waren et dräi wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

RC Lens - FC Metz 3:0
1:0 Abdulhamid (44'), 2:0 Thauvin (46'), 3:0 Haidara (52')

Den RC Lens huet sech kloer géint Metz behaapt a profitéiert vum PSG senger Néierlag e Freideg géint Monaco (1:3). D’Nordfransouse sinn elo bis op ee Punkt um amtéierende Champion drun. Fir Metz war et déi véiert Néierlag hannerteneen. D’Grenats bleiwen domat Tabelleleschte mat 13 Punkten an hunn elo 12 Punkte Réckstand op eng Netofstigsplaz. Et bleiwen nach néng Matcher ze spillen.

OGC Nice - Stade Rennes 0:4
0:1 Lepaul (13'), 0:2 Szymanski (20'), 0:3 Blas (74'), 0:4 Mukiele (90'+2)

Stade Rennes spréngt no der klorer Victoire beim OGC Nice op déi fënneft Plaz an der Tabell a bleift u Lyon a Marseille drun. Si profitéieren och dovun, dass Lille mat Lorient d’Punkte gedeelt huet. Fir Nice war et schonn déi 13. Néierlag an dëser Saison an d’Ekipp vun der Côte d’Azur ka frou sinn, dass d’Ekippen hannert hir gepunkt hunn. Si bleiwen op der 15. Plaz mat fënnef Punkten Avance op Auxerre. Rennes huet vun zwee fréie Goler profitéiert an hätt virun der Paus nach een dropsetze kënnen, mee den Eelefmeter vum Lepaul wollt net eran. Mee och Nice huet sech am éischten Duerchgang net verstoppt, krut säi Gol wéinst Abseits awer oferkannt. Nom drëtte Gol war d’Mass gelies.

OSC Lille - FC Lorient 1:1
1:0 Fernandez-Pardo (65'), 1:1 Avom (90'+3)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

FC Getafe - Betis Sevilla 2:0
1:0 Kiko Femenia (28'), 2:0 Satriano (45'+1)

No der Victoire géint Real Madrid virun enger Woch huet den FC Getafe och Betis Sevilla, enger weiderer Ekipp aus den Topp 5, e Bee gestallt. D’Ekipp aus engem Viruert vu Madrid huet elo véier vun hire leschte fënnef Matcher gewonnen a klotert an der Tabell op déi néngt Plaz. Betis Sevilla verpasst et, sech vu Celta Vigo ofzesetzen an d’Plaz fënnef ofzesécheren.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO