
An der UEFA Champions League héiert een normalerweis ëmmer déi selwecht grouss Nimm: Veräiner mat enorme Budgeten, weltbekannte Spiller an immens grousse Stadien. Dofir ass et ëmsou méi iwwerraschend, datt dëst Joer e Club aus dem héije Norden vun Europa fir vill Gespréichsstoff suergt: FK Bodø/Glimt. Déi norwegesch Equipe huet sech mat couragéierte Leeschtungen an der Champions League bemierkbar gemaach an domat gewisen, dass och e méi klenge Veräin um groussen europäeschen Terrain mathale kann.

Bodø/Glimt kënnt aus der Stad Bodø, déi am Norde vun Norwegen iwwer dem Polarkrees läit. Eng Stad mat ronn 50.000 Awunner. Fir vill Futtballsupporter war dës Plaz bis viru kuerzem éischter onbekannt. D’Heemspiller vum Club ginn am Aspmyra Stadion ausgedroen. De Stadion ass kleng am Verglach mat de groussen Arenaen an Europa, mee d’Atmosphär ass intensiv. Heefeg spillen déi schwéier Wiederkonditiounen eng Roll: Keelt, Wand an dat nordescht Klima kënnen et fir vill Géigner schwéier maachen. Besonnesch am Wanter ass et bal 24 op 24 donkel an d’Sonn seelen ze gesinn. Fir Bodø/Glimt ass dat awer Deel vum Alldag. Fir d’Jongen aus dem Norden ass et dann eng gréisser Erausfuerderung an esou grousse Stadien ze spillen, wéi am Februar zu Mailand. Déi bal 70.000 Spectateure méi, hat Bodø/Glimt beandrockt, wéi si och herno nach der Presse verroden hunn.
Ee vun de wichtegste Grënn fir den Erfolleg vum Club ass seng kloer sportlech Philosophie. Ënner der Leedung vum Trainer Kjetil Knutsen setzt d’Equipe op e séieren an dynamesche Spillstil. Vill Beweegung an en direkt Offensivspill suergen dofir, dass d’Géigner permanent ënner Drock stinn.
Dobäi steet net een eenzege Spiller am Mëttelpunkt. Am Géigendeel: Bodø/Glimt funktionéiert virun allem als Kollektiv. Vill Spiller si laang am Club oder kommen aus dem norwegesche Fussball. D’Zesummespill an d’Vertrauen ënnertenee spillen eng wichteg Roll. An am Géigesaz zu villen europäeschen Topveräiner huet Bodø/Glimt sech net mat engem Pak Suen no uewe geschafft. De Club huet éischter op eng laangfristeg Entwécklung gesat: Talenter fërderen, eng kloer Spillphilosophie opbauen an d’Ekipp no an no stäerken. Dës Strategie huet an de leschte Joren hir Friichten gedroen. Bodø/Glimt huet sech an Norwegen un der Spëtzt etabléiert a kritt och international ëmmer méi Opmierksamkeet.

D’Champions League gëllt als déi prestigiéist Competitioun am europäesche Futtball. Wann e Veräin wéi Bodø/Glimt do gutt Resultater erreecht, gëtt dat séier eng Sensatioun.
Vill Supportere gesinn an der Ekipp aus Bodø e Beispill dofir, dass am moderne Futtball nach ëmmer Plaz fir Iwwerraschunge bleift.
Ob d’Rees an der UEFA Champions League nach weider geet, bleift ofzewaarden. An der Aachtelsfinall vun der Champions League muss si sech de Mëtwoch géint Sporting beweisen.