WM-Qualifikatioun am DammefuttballSchottland klappt d'Rout Léiwinnen zu Glasgow mat 7:0

RTL Lëtzebuerg
Am zweete Match vun der WM-Qualifikatioun gouf et fir d'Rout Léiwinnen an der Liga B eng däitlech 0:7-Defaite a Schottland.
© RTL Play

Nodeems d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp en Dënschdeg zum Optakt vun der Campagne um Escher Gaalgebierg 0:5 géint Schottland verluer hat, stoung e Samschdeg de selwechte Match viru ronn 4000 Spectateuren am Hampden Park zu Glasgow um Programm.

Ënner anerem ouni d’Rekordbuteuse Amy Thompson haten d’Rout Léiwinnen et och auswäerts beim Favorit Schottland schwéier. Schonn no 35 Sekonne hunn d’Schottinne mat zwou gudde Päss de Wee duerch d’Lëtzebuerger Linne fonnt a konnten duerch d’McGovern a Féierung goen. No ronn 9 Minutten huet d’Clark no engem Corner per Kapp den 2:0 fir d’Lokalekipp markéiert. D’Lëtzebuerginne konnt géint e staarke Géigner kaum fir Entlaaschtung suergen, an no enger hallwer Stonn huet d’McGovern mat hirem 2. Gol vum Match fir d’Virentscheedung gesuergt.

No der Paus ass d’Clark an der 55. Spillminutt op en Neits un e Corner vum Weir komm a konnt zum 4:0 akäppen. An der Schlussphas hunn déi agewiesselt Davidson a Lawton du mat zwee weidere Goler op 6:0 gestallt, ier d’McAneny an der Nospillzäit fir d’Schlussresultat gesuergt huet.

Am anere Match am Grupp 4 vun der Liga B huet d’Belsch sech 5:0 géint Israel duerchgesat. Déi zwee wichteg Matcher géint Israel spillen d’Rout Léiwinnen am Abrëll op neutralem Terrain, déi zwee Matcher géint d’Belsch sinn am Juni.

Back to Top
CIM LOGO