Neie Rekord fir de Lionel MessiSecurity muss agräifen no historescher Partie

RTL Lëtzebuerg
Sou séier wéi keen anere Spiller virun him war de Lionel Messi an der US-amerikanescher MLS un 100 Goler direkt bedeelegt. Eng Rei Fans hunn doropshin den Terrain gestiermt.
Puer Fans hunn et ze wäit gedriwwe beim Feiere vum Lionel Messi sengem neie Rekord
Puer Fans hunn et ze wäit gedriwwe beim Feiere vum Lionel Messi sengem neie Rekord
© INDRAWAN KUMALA/NurPhoto via AFP

De Lionel Messi huet an der nordamerikanescher Major League Soccer en neie Meilesteen gesat. Bei der 4:2 Victoire vun Inter Miami beim Toronto FC huet den Argentinier ee Gol selwer geschoss an zwee weiderer opgeluecht. Domat war de Messi a senge 64 éischte Partien an der MLS un 100 Goler direkt bedeelegt. Dat war virun him kengem anere Spiller an esou kuerzer Zäit gelongen. Den ale Rekord hat den Italieener Sebastian Giovinco gehale mat 95 Matcher.

Well den 38 Joer ale Messi wéi zu senge beschten Zäite gespillt huet, waren eng Rei Fans esou begeeschtert, datt si kuerz viru Schluss probéiert hunn, op den Terrain ze lafen, fir mat hirem Superstar Selfien ze maachen. D'Security hat all Hänn voll ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO