Iwwerbléck vum internationale FuttballLens an der Finall vun der Coupe de France, Inter dréint Partie géint Como

Kevin Kayser
Ënner anerem gouf en Dënschdeg den Owend an der La Liga a Spuenien, de Premier League an England an der franséischer an italieenescher Coupe gespillt.
An Aron Donnum a seng Ekipp vun Toulouse konnt sech an der Coupe zu Lens net duerchsetzen.
An Aron Donnum a seng Ekipp vun Toulouse konnt sech an der Coupe zu Lens net duerchsetzen.
© SAMEER AL-DOUMY/AFP

Coupe de France

RC Lens - FC Toulouse 4:1
1:0 Thauvin (9',p), 2:0 Saint-Maximin (18'), 2:1 Hidalgo (21'), 3:1 Udol (35'), 4:1 Thomasson (75')

En Dënschdeg den Owend gouf déi éischt Halleffinall an der Coupe de France gespillt. Den aktuell Zweeten aus der Ligue 1 Lens hat den 11. aus Toulouse op Besuch. No fënnef Minutte gouf et eng kriddeleg Zeen am Strofraum vun Toulouse an eréischt de VAR konnt d’Situatioun opléisen. Well nodeem den Arbitter d’Biller gesinn huet, huet hien op 11 Meter fir d’Heemekipp decidéiert. Eng Chance, déi sech den Thauvin net huele gelooss huet. No néng Minutte stoung et also schonn 1:0 an 9 Minutte méi spéit huet de Saint-Maximin och nach op 2:0 erhéicht. Dësen Ecart huet awer net laang gehalen, well kuerz nom Upëff huet de Hidalgo vun engem Feeler vun der Defense vu Lens profitéiert an op 1:2 verkierzt. Ma d’Fans kruten nach méi an den éischte 45 Minutte gebueden. Well den Udol huet an der 35. Minutt nees den Ecart vun zwee Goler hiergestallt an den 3:1 fir seng Faarwe markéiert.

Waren d’Fans nach an der éischter Hallschent mat Goler verwinnt ginn, hu si bal eng hallef Stonn an der zweeter Hallschent misste waarden, fir nees feieren ze kënnen. Et war nees Lens, déi markéiere konnten an esou duerch den Thomasson hir Féierung op 4:1 ausgebaut hunn. Dono war et awer eriwwer mat de Goler, well ënner anerem d’Wiesselen, déi Toulouse nach erabruecht huet, de Match net méi ëmrappen konnten. Esou wënnt Lens kloer mat 4:1 doheem a steet domadder an der Finall vun der Coupe de France. E Mëttwoch ass dann déi zweet Halleffinall. Hei kritt et Stroossbuerg doheem mat Nice ze dinn.

Coppa Italia

Inter Mailand - Como 1907 3:2
0:1 Baturina (32'), 0:2 Da Cunha (48'), 1:2 Calhanoglu (69'), 2:2 Calhanoglu (86'), 3:2 Sucic (89')

No engem 0:0 an der éischter Partie hate béid Ekippen nach d’Chance, sech virum Match fir d’Finall ze qualifizéieren. Et waren d’Gäscht aus Como, aktuelle 5. an der Serie A, deen no eppes méi wéi enger hallwer Stonn a Féierung konnt goen, nodeem de Baturina schéin an Zeen gesat konnt ginn. Mat deem Score ass et dunn och an d’Paus gaangen. Como koum du furiéis aus der Kabinn an et huet net laang gedauert, bis si kéint den Tabelleleader an Italien hir Féierung ausgebaut hunn. Eng propper Pass an d’Déift fënnt no 3 Minutten an der zweeter Hallschent den Da Cunha, dee sech d’Situatioun am 1 géint 1 géint de Golkipp net huele gelooss huet an op 2:0 gesat huet. Et huet och laang gutt fir d’Gäscht ausgesinn, bis den Calhanoglu an der 69. Minutt verkierzt huet. Dësen hat sech nämlech vu 16 Meter en Häerz geholl an ofgezunn. Säi Schoss gouf esou onglécklech ofgefälscht, datt de Golkipp vu Como keng Chance hat. Knapp eng véierel Stonn méi spéit stoung de Calhanoglu nees am Mëttelpunkt, quasi wuertwiertlech, well eng Flank vum Sucic hie fonnt huet an hie konnt den Ausgläich markéieren. Dëst war den Ufank vun dräi ganz uerge Minutte fir Como, well nach éier d’Nospillzäit ugefaangen huet, huet dës Kéier de Sucic vun der Viraarbecht vum Calhanoglu profitéiert, fir d’Partie ze dréinen. Bei dësem 3:2 fir Inter ass et dunn och bliwwen.

No enger Gläichspill an enger Victoire steet Inter elo an der Finall vun der Coppa Italia. An der zweeter Halleffinall spille Lazio Roum a Atalanta Bergamo géinteneen. Déi éischt Partie ass hei mat engem 2:2 op en Enn gaangen.

Premier League

Brighton & Hove Albion - FC Chelsea 3:0
1:0 Kadioglu (3'), 2:0 Hinshelwood (56'), 3:0 Welbeck (90'+1)

An der Premier League an England war et den Optakt vum 34. Spilldag. An an der Partie tëscht Brighton & Hove Albion an dem FC Chelsea geet et ëm vill, well virun der Partie huet béid Ekippe grad emol 1 Punkt getrennt an dat direkt an der Lutte ëm d’Qualifikatioun fir d’Europa League. D’Heemekipp, déi virum Match e klenge Retard op d’Gäscht hat, huet ideal an d’Partie fonnt. Well et huet knapp 3 Minutte gedauert, bis den Kadioglu sech feiere konnt, well hien den 1:0 konnt schéissen. Chelsea huet iergendwéi déi ganz éischt Hallschent net richteg an de Match fonnt a war seele virum Gol vun der Heemekipp ze gesinn. Grad emol een Ofschloss, géintiwwer 7 vu Brighton & Hove Albion, haten d’Londoner hikritt. Fir si war et also net verkéiert, datt et just mat engem 0:1 an d’Paus goung. Nom Wiessel hat Chelsea zwar méi Spillundeeler, ma déi richteg grouss Chancë sinn ausbliwwen. Anescht huet et d’Heemekipp gemaach, déi no bal enger Stonn duerch den Hinshelwood op 2:0 erhéije konnt. Chelsea war no Vir einfach net geféierlech genuch an an der Nospillzäit huet den Welbeck dunn den Deckel drop gemaach an den 3:0 markéiert.

An der Tabell huet Brighton elo als 6. 50 Punkten an Chelsea als 7. der 48. Hannendru laueren awer Brentford, Bournemouth an Everton, déi alleguerten nach bäikommen oder laanschtzéie kënnen an déi nach ee Match manner hunn.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

La Liga

A Spuenien gouf et en Dënschdeg véier Partien vum 32. Spilldag, woubäi d’Matcher tëscht dem FC Girona a Betis Sevilla wéi och Real Madrid an Deportivo Alaves eréischt no Redaktiounschluss fäerdeg waren. Déi Resultater fannt der op eiser Säit vun de Statistike vun der La Liga.

Athletic Bilbao - CA Osasuna 1:0
1:0 Guruzeta (16')

Et war en Duell am ieweschte Mëttelfeld tëscht zwou Ekippen, déi direkt beienee louchen. Grad emol 1 Punkt hu Bilbao (38) an Osasuna (39) virun der Partie getrennt. An de Gewënner vun der Partie huet nach realistesch Chancen, fir kënnen am internationale Geschäft mat dobäi ze sinn. Et war keng Partie mat villen offensive Grousschancen. Eng dovun huet Bilbao scho fréi an der Partie genotzt. Dem Guruzeta ass en Ofpraller virun de Féiss gelant an hien huet an der 16. Minutt de Ball nach just missten an de Gol schéissen. Osasuna hat am Rescht vum Match nach zwou gutt Chancen, konnt déi awer net notzen. Esou wënnt Bilbao knapp doheem an huet elo mat 41 Punkten dräi Punkte Retard op eng international Plaz.

RCD Mallorca - FC Valencia 1:1
1:0 Samu Costa (49'), 1:1 Sadiq (67')

Am ënneschte Mëttelfeld an nach net virum Ofstig gerett sti Mallorca a Valencia. Och si huet grad emol 1 Punkt virun der Partie getrennt an dräi Punkte wiere fir béid wichteg gewiescht, fir sech e bësse Loft no ënnen ze verschafen. An der éischter Hallschent vun Fans eng mallorkinesch Ekipp gesinn, déi vill Spillundeeler hat, sech awer fir hir Aarbecht net beloune konnt. Dat huet den Samu Costa dofir kuerz nom Säitewiessel gemaach, wéi hien eng Flank vum Darder mat Kapp an de Gol setze konnt. De Gol huet Valencia awer net wierklech geschockt, am Géigendeel hu si besser gespillt, wéi déi éischt 45 Minutten. An esou hu och si mat enger Flank an der 67. Minutt de Sadiq fonnt, deen ausgläiche konnt. Bei dem Score ass et da bliwwen. Mat aktuell grad emol 35 Punkten (Mallorca) respektiv 36 (Valencia) ass d’Avance op den éischten Ofsteiger Elche, deen 32 Punkten an ee Match manner huet, net riseg an esou bleiwe béid 6 Spilldeeg viru Schluss matten am Ofstigskampf.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO