
De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Tomas Cruz huet e Mëttwoch bei Bodrum FK an der Tierkei ënnerschriwwen. An der Tierkei ass den Transfertmaart nach bis e Freideg op.
De Mëttelfeldspiller wiesselt vun der zweeter Ekipp vu Benfica Lissabon an déi zweet tierkesch Divisioun.
Bodrum FK steet do no véier Spilldeeg mat dräi Punkten op der 17. Plaz an der Tabell.