
Bei Geriiichter an der Schwäiz soll déi Plainte wéinst "gestion déloyale" agereecht ginn. Grond wier eng méiglech schlecht finanziell Gestioun am Zesummenhang mam Infantino senge Pläng, Bedeelegungen un der Futtball-Weltmeeschterschaft u privat Investoren ze verkafen. Donieft kéinte weider Fonctionnairë vun der Fifa mat ugeklot ginn, sou d'Affekoten an engem 56 Säite staarken Dokument.
D'Uefa huet en Donneschdeg wësse gedoen, dass hir Affekote bei engem Geriicht zu Manhattan Dossieren agereecht huet, mat deene méiglech Beweiser vun der New Yorker Investment-Gesellschaft Thrive Capital Management ugefuerdert solle ginn. De Brudder vum Donald Trump sengem Eedem Jared Kushner hat déi Firma gegrënnt, iwwert déi der Fifa 4,2 Milliarden Dollar fir 20 Prozent Undeel un enger Duechtergesellschaft bezuelt géinge ginn, déi déi kommerziell Eventer vun der Fifa, dorënner d'WM, bedreiwe sollt.
Am Dokument vun der Uefa géif ugedeit ginn, dass de Präis vu 4,2 Milliarden Dollar wäit ënnert dem Maartwäert géing leien, wat den Infantino zu sengem eegene Virdeel hätt kënnen ausnotzen. Sollt de Fifa-President schëlleg gesprach ginn, stéinge bis zu dräi Joer Prisong am Raum. Hien hat säi Plang, d'WM ze verkafen, no staarker internationaler Kritik, och vun der Uefa, den 1. August opginn.