
Beispillsweis ass den Deadline Day, de leschten Dag, un deem Transferte kënne gemaach ginn, an Däitschland den 31. August, a Saudi-Arabien dogéint den 11. September. Zu Lëtzebuerg ass de Wiessel-Zäitraum ënnerhalb vum Grand-Duché eriwwer. Bis den 31. August sinn awer dogéint Transferten aus dem Ausland op Lëtzebuerg oder och am ëmgedréinte Wee méiglech.
De wuel neiste confirméierte Wiessel ass dee vum Enes Mahmutovic. De grouss gewuessenen Defenseur huet e Kontrakt bis Enn 2027 bei Dinamo Batumi a Georgien ënnerschriwwen, genau do, wou och zanter dësem Summer den Dirk Carlson spillt. Mam Vahid Selimovic beim Iberia 1999 Tiflis ass zanter Ufank des Jores e weidere Lëtzebuerger Nationalspiller an der éischter georgescher Divisioun am Asaz.
Fir ee Joer ausgeléint gouf den Tiago Pereira. Den 20 Joer jonke Golkipp ass vu Borussia Mönchengladbach temporär bei RAAL La Louvière an d'Belsch gewiesselt, fir Spillpraxis ze sammelen. De Start an d'Saison ass awer denkbar schlecht verlaf. De Championnat an der éischter belscher Divisioun ass zanter Ufank August amgaangen. La Louvière huet déi éischt 3 Matcher verluer an den Tiago Pereira war nach net am Kader.
De Marvin Martins gehéiert beim FK Liepaja a Lettland no sengem Wiessel Mëtt Februar zu den absolutte Pilieren an ass och Kapitän vun der Ekipp. Aktuell steet d'Ekipp no 27 Spilldeeg mat 37 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell. De lettesche Championnat leeft vu Mäerz bis November. Den 31 Joer alen Defenseur stoung 18 Mol um Terrain.
Mam Laurent Jans huet de Kapitän vun de Roude Léiwe säi Kontrakt bei SK Beveren ëm ee Joer verlängert. Den Opsteiger ass mat enger Victoire aus 3 Matcher an déi éischt belsch Divisioun gestart. De Lëtzebuerger Rekordnationalspiller stoung déi komplett 3 Partien iwwer 90 Minutten um Terrain.
Nom Ofstig mam SC Bastia aus der zweeter an déi drëtt franséisch Liga huet sech de Florian Bohnert no 3 an engem hallwe Joer en neie Challenge gesicht. Dëse Summer huet den 28 Joer alen Defenseur beim däitschen Drëttligist Hansa Rostock ënnerschriwwen. An der 3. Liga stoung den 63-fachen Nationalspiller déi zwee éischt Matcher iwwer 90 Minutten um Terrain an ass mat senger Ekipp mat 4 Punkten an d'Saison gestart. Am 1. Tuer vun der däitscher Coupe huet sech Rostock mam Florian Bohnert 0:4 géint de VFB Stuttgart misse geschloe ginn.
Méi Spillpraxis huet sech warscheinlech de Seid Korac no sengem Wiessel vum FC Venedeg bei Hellas Verona erhofft. Mat Venedeg war de 24 Joer ale Verdeedeger d'lescht Saison an d'Serie A opgestigen. Am Summer gouf hie fir ee Joer an déi 2. Divisioun ausgeléint. De Start bei sengem neie Veräin war sécherlech net sou, wéi hie sech dat erhofft hat. An der 1. Ronn vun der italieenescher Coupe gouf Hellas Verona vu Virtus Entella 4:5 am Eelefmeterschéissen eliminéiert. Fir den Optakt am Championnat gouf et eng 1:2-Defaite géint Ascoli. De Seid Korac war bei deene béide Partien am Kader, koum awer net um Asaz.
Besser leeft et dogéint aus perséinlecher Siicht fir den Danel Sinani. Zanter sengem Wiessel vum St. Pauli bei Sampdoria Genua an d'Seria B gehéiert den 29 Joer ale Mëttelfeldspiller zum Stamm-Personal a stoung souwuel bei der Eliminatioun an der Coupe géint Cremonese, wéi och beim 1:1-Remis fir den Optakt am Championnat an der Onze de Base. De 27. Dezember kéinten et dann de Sinani mat Sampdoria an de Korac mat Hellas Verona mateneen ze di kréien.
No 6 Méint beim Grazer AK huet de Mathias Olesen en neie Veräin fonnt. De 25 Joer ale Mëttelfeldspiller ass dëse Summer vu Greuther Fürth, wou hie bis zum Schluss nach ënner Kontrakt stoung, op Sönderjyske an déi éischt dänesch Divisioun gewiesselt. Momentan feelt de 39-fachen Nationalspiller zanter 3 Woche wéinst enger Blessur. Um 1. an 2. Spilldag stoung hie vun Ufank un um Terrain.
No enger Saison beim FC Homburg an der Regionalliga ass de Miguel Goncalves bei Fortuna Düsseldorf gewiesselt, déi aus der zweeter Bundesliga an déi 3. Liga ofgestigen ass. De polyvalente Spiller, deen national ënner anerem fir den F91 Diddeleng an d'Unioun Titus Péiteng gespillt huet, huet e Kontrakt bis 2029 bei de Rout-Wäissen ënnerschriwwen. Säin éischten Asaz fir d'Fortuna hat de Goncalves bei der 1:5-Defaite an der éischter Ronn vum DFB-Pokal géint den SC Freiburg, wou hie ronn 15 Minutte viru Schluss agewiesselt gouf.
De Wee an déi 3. däitsch Liga huet och elo den Aiman Dardari hannert sech. Den 21 Joer ale Lëtzebuerger gouf vun Augsburg bei Rot-Weiss Essen ausgeléint a soll do Spillpraxis sammelen. Ganz geklappt huet dat bis e well nach net. Déi éischt zwee Matcher gouf hie kuerz viru Schluss agewiesselt. Bei der 2:0-Victoire an der Coupe de Weekend géint St. Pauli souz hien nëmmen op der Bänk.
Mam Eric Veiga op Biissen, dem Sébastien Thill op Déifferdeng an dem Olivier Thill op Käerjeng hunn 3 Nationalspiller de Wee zeréck op Lëtzebuerg fonnt. Op der Sich sinn aktuell nach de Lucas Fox, de Mica Pinto an den Edvin Muratovic, déi kee Veräin méi hunn.
Ganz gutt Nouvelle kruten dëse Summer den Enzo Dos Santos Duarte bei Borussia Dortmund an den Hamza Kadamani beim FC Metz. Déi béid jonk Talenter hunn hiren éischte Profi-Kontrakt bei hire jeeweilege Veräiner ënnerschriwwen. De Kadamani ass bis ewell 3 Mol an der Ligue 2 vum Lëtzebuerger Trainer Luc Holtz agewiesselt ginn. Den Dos Santos krut an der Summer-Preparatioun seng Minutte a kéint iwwer d'Saison eng Roll am Kader vum BVB spillen.
Net nëmme bei den Hären, mee och bei den Dammen hu vereenzelt Gesiichter nei sportlech Erausfuerderungen ugeholl. D'Charlotte Schmit ass vu Sporting Lissabon bei Valadares Gaia FC gewiesselt. De Veräin spillt an der éischter portugisescher Divisioun a gouf d'lescht Joer Véierten.
Donieft ass d'Kimberley Dos Santos no enger Saison am Ausland zeréck am Grand-Duché. No 12 Méint beim 1. FC Saarbrécken an der 3. däitscher Liga huet déi 52-fach Nationalspillerin rëm bei Stater Racing ënnerschriwwen. Si war och elo well am Summer an der Champions-League-Qualifikatioun fir de Stater Fusiounsveräin am Asaz.
