
De Yannick Kakoko ass net méi Trainer vum FC Déifferdeng 03. Dat huet eis de 36 Joer alen Däitschen op RTL-Nofro hi confirméiert. Grond fir dës Trennung wieren ënnerschiddlech Opfaassunge vum Futtball an Differenze vu Wäerter tëscht him an dem Déifferdenger Sportdirekter Remy Manso.
Géintiwwer dem President Fabrizio Bei hätt de Yannick Kakoko weiderhi grousse Respekt, dofir géing déi Trennung “d’un Accord commun” och fir hien an d’Rei. De Yannick Kakoko huet den Déifferdenger Trainer-Poste réischt Ufank Mäerz iwwerholl.
Um leschte Spilldag hunn hien a seng Ekipp de Championstitel zu Biissen knapp verspillt. De leschte Freideg konnten déi Déifferdenger allerdéngs d’Coupe vun der leschter Saison verdeedegen.
De Yannick Kakoko ass nom Pedro Silva an dem Pedro Resende den drëtten Trainerwiessel bannent engem Joer.