
Um 4. Spilldag vum Titel-Playoff huet den HC Bierchem den Titelkampf nees méi spannend gemaach. D’Spiller vum Trainer Marko Stupar hunn de Spëtzematch géint d’Red Boys Déifferdeng mat 43:39 fir sech entscheet an dem amtéierende Champion déi éischt Néierlag an dëser Saison zougefüügt. Déi Rout hate saisoniwwergräifend 26 Matcher net verluer. Domat sinn d’Réiserbänner nach net aus dem Titelkampf eraus, hunn awer nach ëmmer 5 Punkte Réckstand.
D’Réiserbänner waren de Gros vun der Spillzäit a Féierung, mee Déifferdeng huet laang net labber gelooss. Mat 21:20 goung et an d’Kabinnen. Nom Säitewiessel huet sech laang dat selwecht Bild gebueden. D’Red Boys Déifferdeng louchen de ganze Match iwwer just zwee Mol a Féierung: beim 7:6 a 27:26. Bis an d'45. Minutt blouf de Match serréiert, mee du konnt Bierchem vun enger Déifferdenger Ënnerzuel profitéieren a sech op 4 Goler ofsetzen. Ausserdeem war de Spillfloss bei der Red Boys an där Phas verluer gaangen. Dat war d’Entscheedung. Bierchem konnt op en Neits op d’Goler an déi gutt Leeschtung vum Raphael Guden zielen. Wéi ofhängeg d’Réiserbänner vum Nationalspiller sinn, hat sech bei der iwwerraschender Néierlag géint Käerjeng gewisen, wéi de Guden no senger Disqualifikatioun no enger Véierelstonn net méi matwierke konnt.
D’Bierchemer Victoire géint den Tabelleleader spillt virun allem dem HB Diddeleng an d’Kaarten. D’Fiiss hate beim 42:25 keng Problemer mam HC Standard a leien elo “just” nach dräi Punkten hannert der Red Boys Déifferdeng, déi och hiren nächste Géigner sinn. Schonn no 22 Minutte louch d’Ekipp vum Dusko Bilanovic 10 Goler vir. Dëse Virsprong sollten d’Gäscht laang halen an um Enn nach ausbauen.
Den HB Käerjeng beweist zwou Wochen no der Victoire géint Bierchem, dass et keng eemoleg Affär war. Géint den Tabellevéierten Esch hunn déi Gréng 33:28 gewonnen. Bis an d'50. Minutt war et en enke Match, mee dunn huet sech Käerjeng mat 3 Goler ofgesat. An der Schlussphas sollten et dräi Rout Kaarte ginn: zwou fir Käerjeng, eng fir Esch. Um Resultat sollt dat awer näischt änneren.
An der Relegatioun bleift d’Esperance Rëmeleng och no dräi Matcher feelerfräi. Am Südderby hu sech d’Käldaller beim 30:19 géint Schëffleng keng Bléisst ginn. De Chev Dikrech kritt e Sonndeg Besuch vum HB Leideleng. Fir de Match tëscht Miersch a Péiteng steet nach keen Datum fest.
Fir Dikrech steet déi nächst Woch den éischte groussen Test géint Péiteng um Programm, éier et eng Woch duerno zum Spëtzematch géint Rëmeleng kënnt.
E Samschdeg waren déi éischt Matcher an der nei ageféierter Véierelsfinall, déi am Best-of-Three-Modus gespillt gëtt. D’Ekipp, déi fir d’éischt zwee Matcher gewonnen huet, kënnt eng Ronn weider. D’Goldifferenz spillt keng Roll. Käerjeng an Diddeleng sinn duerch hir Placéierung an der Tëscheronn scho fir d’Halleffinall qualifizéiert a musse bis Abrëll keen offizielle Match bestreiden.
D’Red Boys Déifferdeng an den HB Museldall leien no den éischte Matcher am Avantage, fir an d’Halleffinallen anzezéien.
D’Déifferdenger Dammen hunn e bëssen iwwerraschend zimmlech däitlech 35:21 géint de Chev Dikrech gewonnen. Nodeems déi éischt Hallschent nach ausgeglach war (17:16), sinn de Gäscht aus dem Norden am zweeten Duerchgang just nach 5 Goler gelongen. Spéitstens wéi d’Déifferdengerinnen an der 45. Minutt 10 Goler vir waren, war kloer, wien als Gewënner vum Terrain géing.
Den HB Museldall hat e bësse méi Krämpes mam HC Standard, mee um Enn stoung e klore 27:19. De Match war bis an d'45. Minutt enk, mee duerno konnten d’Miselerinnen de Virsprong bannent kuerzer Zäit vun 2 op 5 Goler ausbauen. Dat war d’Virentscheedung. D’Miseler Spillerin Anaïs Huberty, déi an der Tëscheronn mat 66 Goler bescht Buteuse war, huet och dës Kéier 11 Goler bäigesteiert.
D’Réckmatcher si fir en Donneschdeg, den 19. Mäerz ugesat. Falls et zu engem drëtten an decisive Match kéim, géif deen den nächste Samschdeg (21. Mäerz) gespillt.