
De nächste Weekend fänkt d'Championnat am Handball un, dat esouwuel bei den Damme wéi och bei den Hären a mir kucke mer wéi eng Ambitioune d'Veräiner an der Ieweschter Divisiounen hunn.
Ladies first. Den éischten Titel vun der Saison bei den Dammen huet sech den Handball Käerjeng leschte Weekend am Supercup gekroopt. De Coupegewënner vum leschte Joer kënnt och ganz sécher dës Saison nees fir e weidere Titel a Fro, och wann mat ënner aneren Jurcevic an Zuk eng Partie Spillerinnen dem Trainer Dan Mauruschatt net méi zu Verfügung stinn.
Grad wéi leschte Samschdeg ass den HB Diddeleng déi Ekipp, déi a Fro kënnt, fir weider Titelen ze sammelen. Um Pabeier hunn déi Diddelenger och dee stäerkste Kader. Mat den Ex-Déifferdenger Scheuren a Krupke konnten och nach wichteg Spillerinne vun engem Konkurrent rekrutéiert ginn.
Fir d'Redboys sinn déi zwee Departen op Diddeleng natierlech e Verloscht, mä den Trainer Stephane Mina konnt geziilt rekrutéieren a virun allem steet déi staark Keeperein Charlene Servant nach ëmmer am rouden Dress.
Beim Museldall huet de Ben Schuster déi schwéier Aufgab, déi ganz gutt Aarbecht vum Jeff Paulus weiderzefeieren. Dat gëtt ganz sauer, well déi wichteg Stäipe vu leschter Saison stinn net méi zur Verfügung.
Fir déi eng oder aner Iwwerraschung kéint de Chev Dikrech suergen. De Kader gouf mat Nimm wéi Fangueiro oder Frauenberg gutt verstäerkt.
Op dem Standard dann och déi méi Grouss ka rose maachen, dat gi mir da vun e Samschdeg u gewuer. En Donneschdeg gi dir dann an eis Handball-Virschau méi iwwert d'Häre gewuer.