Foxriders vum HBDRollstull-Handball zu Diddeleng

Serge Olmo
Wéi huet de Projet vum Rollstull-Handball säin Ursprong fonnt?
Rollstull-Handball zu Diddeleng
Wou huet de Projet vun de Foxriders vum HBD säin Ursprong fonnt?

Den HB Diddeleng spillt zanter Kuerzem am Championnat vum “Grand Est” am Frankräich. Et ass séier gaangen, fir scho bei offizielle Kompetitioune matzemaachen.

D'Kristina Gavrilova huet de Projet initiéiert

D’Kritina Gavrilova ass d’Duechter vum Yuri Gavrilov, deen 1992 d’Goldmedail bei den Olympesche Spiller gewonnen hat mat der deemoleger “Communautéit vun den Onofhängege Staaten”. De gebiertegen Ukrainer ass viru 5 Joer verstuerwen. Den Olympiagewënner hat 5 Joer fir den HB Diddeleng gespillt.

De Rollstull-Handball ass ganz inklusiv, well esouwuel beanträchtegt, wéi och net beanträchtegt Spiller an der Ekipp sinn, wéi och Fraen a Männer. De Géigner huet beim Final Four Cap2 Sports geheescht - e Club aus der Ëmgéigend vu Léck.

Och am Sëtze kommen d’Schëss an Direktioun Gol ganz stramm. Déi belsch Ekipp spillt vill méi laang Rollstull-Handball an huet och d’Foxriders vun Diddeleng dominéiert. Bis d’Paus hat den HBD net vill Chancen. Nom Säitewiessel hunn d’Foxriders ëmmer besser gespillt a si konnten den Ecart stabiliséieren, fir mat 7 op 18 ze verléieren.

D'Lynn Spielmann huet de Projet beim HBD implantéiert

Well d’Rollstull-Handballer vun Diddeleng vill reesen an d’Material, besonnesch natierlech de Rollstull, deier ass, ass et ganz wichteg, de Support vu Sponseren ze hunn an och vum HB Diddeleng.

Wann de Rollstull-Basketball sech national an international etabléiert huet, dann ass den Handball am Rollstull hei zu Land nach onbekannt. Déi Leit, déi den Demonstrationsmatch gesinn hunn, konnte feststellen, datt de Rollstull-Handball eng Disziplin mat Potential ass.

Back to Top
CIM LOGO