Dir sidd vläit och scho laanscht de grousse Chantier vum CHL op der Areler Strooss gefuer an hutt Iech gefrot, wéi laang et nach wäert daueren, bis Patienten do kënne behandelt ginn. Et ass den Ament ee vun de gréisste Chantieren am Land, mat ronn 300 Aarbechter, déi all Dag am Asaz sinn. 9 Firmae schaffe parallel, 4 permanent Kranen an ee mobille gi gebraucht, fir dat grousst Gebai opzeriichten.
Ronn 204.000 Patienten zielt de Centre Hospitalier am Joer. Dat sinn eng 560 Leit, déi an der Moyenne all Dag duerch déi dräi nei, grouss Diere wäerten eragoen.
Den Armin Weber ass responsabel fir d'Koordinatioun vun den Aarbechten an erkläert, dass Rolltrapen den Agank mat den ieweschte Stäck wäerte verbannen. Anescht wéi op anere Chantiere goufen zesumme mam Santésministère gewësse Schrëtt decidéiert, fir dass d'Aarbechten hei méi séier solle kënne viru goen. Zum Beispill gouf scho mat der Verkleedung vun der Fassade ugefaangen, obwuel déi iewescht Stäck nach guer net fäerdeg sinn, esou den Armin Weber. Esou soll déi Réibau méi séier kënnen zougemaach ginn an déi ënnescht Stäck kënne scho lues a lues och scho banne prett gemaach ginn.
Nom Rez-de-Chaussé kommen nach ganzer 8 Stäck drop. 3 weiderer sinn ënnerierdesch, do entstinn ënnert anerem och iwwer 400 zousätzlech Parkplazen.
Op de 4. Stack kommen d'Psychiatrie an d'Palliativstatioun. Dës Servicer kréien Accès op eng grouss Terrass. Eng Méiglechkeet, déi een aktuell am ale Gebai net huet, esou Dr. Martine Goergen, medezinesch Direktesch.
Ugangs war net virgesinn, d'Unzuel vun de Better ze erhéijen, well éischter duerch méi Effizienz d'Dauer vun der Hospitalisatioun sollt gekierzt ginn. Ma duerch den Zouwuess an der Populatioun huet den CHL nodréiglech awer zousätzlech 68 Better gefrot.
D'Kannerklinick an d'Maternité ginn net an dat neit Gebai integréiert, mee mat enger Passerell verbonnen. D'Servicer aus der Eecher Klinik ginn awer an dat neit Gebai integréiert. De Site zu Eech soll dann anescht genotzt ginn, zum Beispill fir d'Sportmedezin.
Wat de finanzielle Volet ugeet, läit de ganze Projet antëscht duerch den Index bei iwwert enger Milliard Euro, ouni den Terrain. Domadder wier een nach am Budget, seet de Paul Meyers, administrativen a finanziellen Direkter vum CHL.
Dëst Joer soll de Réibau vum Haaptgebai fäerdeg sinn. Fir Enn 2029 ass dann déi grouss Plënneraktioun virgesinn.