Am Volleyballchampionnat war et um dëse Weekend de leschte Spilldag virum Playoff.

Et war eng ganz equilibréiert Partie tëschent Walfer a Stroossen. Béid Equippe wollten de Match onbedéngt gewannen, fir sech déi 2. Plaz an der Tabell nach ze sécheren. Dat bessert Enn hat du Walfer fir sech. Si konnten sech no 4 Sätz mat 3:1 (25:20, 27:29, 29:27, 25:22) géint de Champion Stroossen duerchsetzen.

An den Halleffinalle vum Championnat spillt Walfer elo nees géint Stroossen. Si hunn do awer e klenge Virdeel, sollt et nämlech do zu engem decisive Match kommen, dann däerfen si an deem Fall doheem spillen. Am Volleyball ginn d'Halleffinalle jo am Best of three-Modus gespillt.

Luerenzweiler konnt sech kloer mat 3:0 géint Esch behaapten. 
Bartreng huet sech mat 3:1 géint de Belair duerchgesat.

E Sonndeg huet Fenteng Dikrech mat 3:0 geklappt.

Bei den Häre sti Fenteng, Walfer, Stroossen a Bartreng an den Halleffinalle vum Championnat. Do spillen da Fenteng a Bartreng a Walfer a Stroossen géinteneen.

Um 14. Spilldag bei den Damme wënnt d'Gym 3-2 géint Stengefort, Walfer iwwerrennt Stroossen mat 3-0 a Péiteng setzt sech ouni Problemer mat 3:0 géint Amber/Lënster duerch.

E Sonndeg ass  d'Partie tëschent Dikrech a Mamer 3:1 fir Dikrech ausgangen.

Mat Walfer, Dikrech, Mamer a Stengefort stounge scho virum leschte Spilldag déi 4 Equippe fest, déi de Championstitel ënnert sech ausmaache wäerten.