Am Ski Alpin ass déi 27 Joer al Nicole Schmidhofer nei Weltmeeschterin am Super G.

Op der WM zu St. Moritz konnt sech d'Éisträicherin virum Tina Weirather aus Liechtenstein an dem Lara Gut aus der Schwäiz duerchsetzen.

D'US-Amerikanerin Lindsay Vonn ass duerch en technesche Feeler vun der Pist ofkomm an net weider gefuer.

RTL