Op der Miltär-WM am Triathlon zu Warendorf an Däitschland koum de Bob Haller op eng gutt 7. Plaz, dat an 1 Stonn 51 Minutten an 43 Sekonnen.

De Lëtzebuerger hat no 1500 m Schwammen, 42 Km Vëlo an 10 Km Lafen e Retard vun 4 Minutten an 14 Sekonnen op de Gewënner Justus Nieschlag aus Däitschland.