Titelverdeedeger Norwegen steet an der Véierelsfinall

© IHF Twitter
Vum 1. bis de 17. Dezember ass d'Weltmeeschterschaft am Dammen-Handball an Däitschland.
E Sonndeg an e Méindeg si bei der Handball-Weltmeeschterschaft vun den Dammen d'Aachtelsfinalle gespillt ginn.
E Méindeg den Owend konnt sech den aktuelle Weltmeeschter Norwegen ouni Problemer géint Spuenien fir d'Véierelsfinalle qualifizéieren. No 60 Minutte gewënnt ee mat 31:23 an der Paus stoung et 13:10.
De Vizeweltmeeschter Holland huet sech géint Japan méi schwéier gedoen. An der Paus stoung et tëscht béiden Equippen 10:10, um Enn vun der zweeter Hallschent gouf et nach kee Gewënner, sou dass d'Decisioun an der Verlängerung huet misse falen. Hei hunn d'Hollännerinnen d'Iwwerhand behalen a wanne mat 26:24 géint d'Japanerinnen.
Fir Däitschland ass d'Heemweltmeeschterschaft eriwwer. Nodeems een an der Paus scho mat 7:11 géint Dänemark hanne loung, konnt een d'Partie net nach eng Kéier dréien a verléiert mat 17:21.
Ënnert deenen 8 beschten Equippe sinn och Russland an Tschechien. D'Russinne konnte sech no Verlängerung mat 36:35 géint Südkorea behaapten. Fir Tschechien gouf et eng 28:27-Victoire géint Rumänien.
Montenegro konnt sech mat 31:29 géint Serbien duerchsetzen, Frankräich klappt Ungarn mat 29:26 a Schweden wënnt souverän mat 33:21 géint Slowenien.
En Dënschdeg an e Mëttwoch ginn d'Véierelsfinalle vun der Handball-WM an Däitschland gespillt.
Hei den Iwwerbléck vun de Partien:
Schweden - Dänemark
Frankräich - Montenegro
Holland - Tschechien
Norwegen - Russland