Den Titelverdeedeger Norwegen konnt sech an der Ronn vun de leschten 8 kloer mat 34:17 (15:8) géint den Olympiagewënner Russland behaapten.

D'Hollännerinne konnte sech an enger spannender Partie géint Tschechien behaapten. An der Paus hat ee sech en Avantage vun engem Goal erausgespillt an et stoung 17:16. Am Laf vun der zweeter Hallschent konnt een de Virsprong vergréisseren, fir um Enn mat 30:26 ze gewannen.

Schonn en Dënschdeg hate sech Schweden a Frankräich fir d'Halleffinalle qualifizéiert. Schweden hat sech mat 26:23 (13:11) géint Dänemark behaapt. Fir Frankräich gouf et eng 25:22 (12:10) Victoire.

D'Halleffinalle ginn e Freideg gespillt. Hei kënnt et zur Neioplo vun der leschter WM-Finall tëscht Holland an Norwegen. Schweden kritt et nach mat Frankräich ze dinn.