Fir d'Hären Handballnationalequipe steet um Mëttwoch den Owend den Optakt vun der zweeter Phase vun der WM-Qualifikatioun um Ordre du jour.

Déi ass d'nächst Joer an Däitschland an an Dänemark.

Um 19 Auer spillen d'Lëtzebuerger Hären an der Coque géint Russland.

D'Qualifikatioun dauert nach bis e Sonndeg de 14. Januar. Déi aner Géigner si Finnland an d'Slowakei. Enn Oktober hat d'Hären Handballnationalequipe mat Finnland 23-23 gläichgespillt a géint d'Slowakei verluer.