En Dënschdeg gouf op der Cour d'appel iwwer d'Uerteel vum Tribunal federale jugéiert, géint dat d'Red Boys an Appell gaange sinn.

D'Red Boys haten de Match vum 15. Dezember 2017 an der Verlängerung verluer an hei krut hire Goalkipp déi rout Kaart gewisen, dat allerdéngs nach virun Enn vum Match an dëst aus Siicht vun de Red Boys zu Onrecht.

D'Red Boys wëlle sech elo nach eng Kéier mat hire juristesche Conseilleren zesummesetzen an dann iwwer hir nächst Demarchë beroden.