Zu Krasnodar a Russland gouf um Samschdeg de Retourmatch tëscht Lëtzebuerg a Russland gespillt. Och do zéien d'Lëtzebuerger mat 17:28 de Kierzeren.

D'Lëtzebuerger koume vun Ufank un net gutt an de Match an haten et schwéier géint eng gutt Equipe aus Russland. Esou ware se dann och no 10 Minutte scho mat 3:8 am Réckstand. Dono sinn déi rout Léiwen awer besser an de Match komm a konnten de Réckstand vu 5 Goaler awer behalen an et ass mat engem 15:10 fir Russland an d'Paus gaangen.

No der Paus haten d'Lëtzebuerger awer eng gutt Phase, hu gutt verteidegt a konnten no engem 11:17-Réckstand nees op 14:18 erukommen. No dëser gudder Phase hunn d'Russen den Tempo awer nees ugezunn an hunn hire Virsprong nees däitlech vergréissert. No 50 Minutte stoung et nämlech 22:14. D'Russen hunn och elo net locker gelooss a konnten hire Virsprong weider ausbauen. 3 Minutte viru Schluss war et dunn e Réckstand vun 10 Goaler deen d'Gäscht ze verkraaften haten.

Sou verléiert Lëtzebuerg och de Retourmatch géint Russland mat 17:28 wat trotz allem en uerdentlecht Resultat fir d'rout Léiwen ass.

D'Nationalequipe spillt elo an der WM-Qualifikatioun virum Match e Sonnden heiheem géint d‘Slowakei nach en Donneschden a Finnland.