3 Lëtzebuerger am Gespréich fir Handballschoul vum TBV Lemgo

© FLH
Déi dräi Spiller, ëm déi et sech handelt, sinn de Loïc an de Luke Kaysen vum HC Bierchem an de Charel Kirtz vum HB Käerjeng
Nodeems den aktuellen Handballnationalspiller Yannick Bardina viru ronn enger hallwer Dose Joren eng ganz grouss Promesse war beim international renomméierten TV Großwallstadt, sinn elo direkt 3 Jongen am Gespréich fir an de Formatiounszenter vu Lemgo ze kommen. Zanter dem Yannick Bardina senger Aventure zu Großwallstadt hat kee Lëtzebuerger Spiller et fäerdeg bruecht op deem Niveau zréckbehalen ze ginn. Lemgo huet ëmmerhin ënnert anerem 4 Mol Coupe d’Europe gewonnen.
Déi 3, ëm déi et sech handelt ,sinn d’Gebridder Loïc a Luke Kaysen vum HC Bierchem, déi 17 an 12 Joer jonk si, wéi och den talentéierten Nowuesgoalkeeper vu 15 Joer Charel Kirtz vum HB Käerjeng.
Ob déi grouss Lëtzebuerger Nowuesshoffnungen den definitive Sprong an d’Handballschoul vum TBV Lemgo packen, decidéiert sech konkret déi nächst Wochen.
D’Kaysen-Bridder sinn déi Woch virun der Fuesvakanz nees op engem «Sichtungslehrgang» zu Lemgo an de Charel Kirtz dee fiert an der Fuesvakanz dohin.
Nieft Lemgo wiere Großwallstadt a Magdeburg aner ganz konkret Alternative fir déi Lëtzebuerger Nowuesstalenter.