En Donneschdeg huet d'Lëtzebuerger Handball-Nationalequipe am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft géint Finnland gespillt.

Am Allersmatch an der Coque hu Lëtzebuerg a Finnland sech mat 23:23 getrennt, wat schonns bal ewéi eng Néierlag fir d'Lëtzebuerger war, dat well déi 5 Minutte virun Enn nach 4 Goaler vir waren.

AUDIO: Finnland-Lëtzebuerg/Reportage Serge Olmo

D'Ufanksphas vun der Partie war relativ equilibréiert, béid Equippe hu sech näischt geschenkt. Am opfällegste war awer de finnesche Keeper, deen ëmmer erëm am Mëttelpunkt vun de Lëtzebuerger Attacke stoung, dat well hie mat flotte Parade seng Equipe am Spill gehalen huet. Kuerz virun der Paus konnten d'Lëtzebuerger Hären dunn awer beim Stand vun 12 zu 11 d'Féierung iwwerhuelen. Beim Stand vun 13:13 ass et dunn an d'Paus gaangen.

No der Paus konnt Lëtzebuerg op een Neits a Féierung goen an dat no 10 Minutten an der zweeter Hallschent esouguer mat 3 Goaler. An dëser Phas hunn d'Finne sech allerdéngs och extrem schwéier gedoen an der Offensiv. No dësem Avantage vun dräi Goaler konnt Finnland allerdéngs innerhalb vun nëmmen 2 Minutten nees ausgläichen an esouguer a Féierung goen, esou stoung et 19 zu 21 aus Lëtzebuerger Siicht.

Elo an dëser Phas waren et d'Lëtzebuerger, déi an der Offensiv déi falsch Entscheedunge getraff hunn, vill Bäll verluer hunn an et de Finnen esou einfach gemaach hu fir Konterattacken ze lafen. Dëst huet natierlech och de Virsprong vun der Lokalequipe an d'Luucht geschrauft. D'Tatsaach, dass zwee wichteg Spiller, ewéi de Yannick Bardina an de Christian Bock déi zweet Hallschent blesséiert waren, huet dem Nationaltrainer bal keng Méiglechkeete méi ginn, fir am Réckraum auszewiesselen.

Um Enn verléiert Lëtzebuerg a Finnland mat 25 op 30. D'Lëtzebuerger hunn no der 19:16-Féierung d'Konzentratioun, d'Präzisioun an d'Aggressivitéit verluer an esou konnten d'Finnen opdréinen, fir dës Partie um Enn dach kloer ze gewannen. Fir d'Lëtzebuerger Equipe ee ganz onglécklecht an enttäuschend Resultat.

RTL

© Screenshot Veikkaus TV