Lëtzebuerg wënnt sensationell géint d'Slowakei
E Sonndeg huet d'Lëtzebuerger Handballnationalequipe hire leschte Match an der Qualifikatioun fir d'WM 2019 an Däitschland gespillt.
No der enttäuschender Defaite an der Woch géint Finnland huet d'Lëtzebuerger Handballnationalequipe am leschte Qualifikatiounsmatch nach eng Kéier alles ginn. D'Lëtzebuerger hunn eng staark a konzentréiert Leeschtung gewisen. Déi lescht Minutte waren e richtege Krimi, ma d'Lëtzebuerger hunn d'Nerve behalen a gewannen um Enn sensationell 28:27 géint d'Slowakei.
Domadder gouf et fir d'Lëtzebuerger an der WM-Qualifikatioun ee Remis géint Finnland an eng Victoire géint d'Slowakei. Et war domadder laang net alles positiv iwwer déi ganz Campagne. Déi iwwerzeegend Victoire vun e Sonndeg den Owend positivéiert awer drastesch de Bilan vun dëser WM-Qualifikatioun. De Nationaltrainer Maik Handschke widdersprécht bestëmmt net. No der knapper Victoire war hien natierlech méi wéi zefridden.
De Grupp 1 gëtt vun de Russen gewonne virun de Slowaken.
D'Finnen hu genee wéi d'Lëtzebuerger 3 Punkten an der Tabell a klasséiere sech op der 3 Plaz. D'Lëtzebuerger kommen op déi 4. Plaz.
D'Lëtzebuerger Nationalequipe hat e gudde Start an d'Partie erwëscht no 10 Minutte loung ee mat 6:2 a Féierung. Duerch déi excellent Defense hat een och duerno d'Gäscht ënner Kontroll, och wann dës nees méi no erukomm sinn. No 17 Minutte stoung et nach 7:5 fir d'Lëtzebuerger. No 23. Minutte konnt d'Slowakei op 8:8 ausgläichen. Bis d'Paus ass et elo ëmmer nees hinn an hier gaangen. No 30 Minutte loung Lëtzebuerg mat 12:11 a Féierung.

© Screenshot
No der Paus konnten d'Lëtzebuerger de Virsprong nees ausbauen. Bei de Roude Léiwen huet alles geklappt an et konnt ee mat 15:12 dovunner zéien. No 39 Minutte stoung et 18:16 fir d'Lëtzebuerger. D'Slowake waren awer weider geféierlech a sou stoung et no 45 Minutten 19:19. D'Lëtzebuerger hu sech dovunner awer net nervös maache gelooss. A konnte sech no 47 Minutten nees mat 22:19 ofsetzen. 4 Minutte viru Schluss sinn d'Gäscht dunn nees erukomm an et stoung 25:25.
An der leschter Minutt huet sech d'Partie zu engem richtege Krimi entwéckelt. 40 Sekonne viru Schluss stoung et 26:26. 30 Sekonne viru Schluss ass de Lëtzebuerger de 27:26 gelongen. Bei nach 17 Sekonne Rescht krut d'Slowakei dunn e 7-Meter, dee si genotzt hunn, fir nees op 27:27 auszegläichen. Ma de Lëtzebuerger ass nach den 28:27 gelongen. Den decisive Goal huet den Dan Scheid markéiert. Domadder gewënnt Lëtzebuerg sensationell déi lescht Partie an der WM-Qualifikatioun.