De Yann Hoffmann war am Summer vun de Red Boys bei Braunschweig an déi drëtt däitsch Liga gewiesselt an hat e Profikontrakt fir 1 Joer ënnerschriwwen.

Dës Aventure ass elo eriwwer dat gouf um Méindeg op enger Pressekonferenz confirméiert.

AUDIO: Yann Hoffmann nees bei de Red Boys/Reportage Franky Hippert

Wat RTL ewell e Sonndeg gemellt hat gouf e Méindeg vum Veräin bestätegt: De Yann Hoffmann spillt vun der nächster Woch un nees fir d'Red Boys.
Hien huet en 2,5 Joers Kontrakt mat Méiglechkeet fort ze goen wann Intressi vun engem Profisveräin besteet.

RTL

© Val Wagner / RTL

Um Internetsite vu Braunschweig ass ze liesen, datt de Yann Hoffmann an Zukunft net méi fir den MTV wäert um Terrain stoen.

RTL

© pressphoto (Archiv)

Am längste Punkt op der Pressekonferenz war ett um Méindeg ëm d’Affär vum Match Red Boys géint Bierchem gaangen.

D'Red Boys haten d’Véierelsfinall vun der Coupe vum 15. Dezember 2017 an der Verlängerung verluer an dat no enger ganz chaotescher Schlussphas.

Um Tribunal Federal an do och beim Conseil d’Appel kruten di Déifferdenger Onrecht.

D’Tatsaachenentscheedung mussen d’Red Boys laut hirem President John Scheuren unhuelen. D’Red Boys sinn awer rosen datt dat Ganzt e Virspill hat an engem Jugendmatch wou ee vun den Arbitter vun der Véierelsfinall am Coup war.

De John Scheuren ass iwwerrascht a rosen datt säi Veräin dohi gestallt gëtt wéi wann d’Arbitter zu Déifferdeng a Gefor wieren wat de President dementéiert.

D’Red Boys sinn och rosen datt d’Arbitter vun där ominéiser Véierelsfinall aner Saachen nom Match um Terrain solle gesot hunn wéi wat si nidder geschriwwen hunn.

Di Déifferdenger maachen trotzdeem keng weider Schrëtt. Domatter wier d’Affär aus der Vü vun den Déifferdenger ofgeschloss obwuel een d’Roserei nach spiert.

D'Red Boys hunn och confirméiert datt an der Aachtelsfinall vum europäeschen Challenge Cup ee Match a Russland gespillt gëtt an een doheem, dëst géint Dynamo-Victor.

2019 feieren déi Déifferdenger hiren 80. Anniversaire. Den Highlight wäert d'Publikatioun vun engem Buch sinn wat vun hirem Eierepresident Gast Seil koordinéiert wäert ginn.