74 Mol stoung de Jurist fir d'FLH-Formatioun um Terrain an huet dobäi 195 Goaler markéiert.

A Finnland hat de Christian Bock sech blesséiert a sou war de Kapitän beim leschte Match vun der aktueller Campagne, fir d'WM 2019, net dobäi. D'Victoire géint d'Slowakei huet hie vu baussen aus misse kucken.

Dëst war wuel en Héichpunkt am Lëtzebuerger Handball, ma där huet de Christian Bock och anerer mat der Nationalequipe erlieft, esou stoung hien an der ausverkaafter Coque 2008 um Terrain, wéi déi rout Léiwen géint Frankräich gespillt hunn.

VIDEO: Live! Planet People: Anne Brasseur a Christian Bock
Zwee Inviteeën, déi 2018 e Schlussstréch ënnert hir national Carrière zéien: d'DP-Deputéiert Anne Brasseur an den Handballer Christian Bock.

Elo awer wëll sech de Christian Bock méi op d'Famill konzentréieren an trëtt dofir mam Handball e bësse méi kuerz. A sengem Veräin, wou hien zanter klengem u spillt, dem HB Esch, steet de Jurist awer weider um Terrain.

AUDIO: Christian Bock geet an d'Pensioun / Reportage Franky Hippert
RTL

© pressphoto.rtl.lu (archiv)

VIDEO: No Victoire géint Slowakei: Gutt Campagne vun FLH-Formatioun
E Sonndeg huet d'Lëtzebuerger Handballnationalequipe hire leschte Match an der Qualifikatioun fir d'WM 2019 an Däitschland gespillt.