Déi éischt Gruppephas vun der Handball-Europameeschterschaft bei den Hären ass eriwwer.

Et ware 16 Equippe mat dobäi bei dëser Europameeschterschaft. Dës 16 Equippe waren op 4 Gruppe mat allkéiers 4 Equippen opgedeelt. Hei huet ee missen ënnert déi éischt 3 kommen, fir sech fir d'Haaptronn ze qualifizéieren, wou dann nees an zwou Gruppe vun allkéiers 6 Equippe gespillt gëtt. Esou ginn zum Beispill déi éischt dräi aus Grupp A a B an eng Grupp geheit, allerdéngs spillen d'Equippen aus dem Grupp A hei nëmme géint d'Equippe, déi virdrun am Grupp B waren.

De Gewënner vum Optaktmatch vun dëser WM huet sech allerdéngs net konnte qualifizéiere fir den nächsten Tour. Am Grupp A konnt nämlech Island den Optaktmatch géint d'Matfavoritten aus Schweden gewannen, dat mat 26 op 24. Dëst sollt awer déi lescht Victoire vun den Islänner bleiwen, esou dass si op déi leschte Plaz am Grupp A komm sinn an domat eliminéiert goufen. D'Equipe aus Schweden koum hei op Plaz 1, dat viru Kroatien a Serbien.

Am Grupp B war et schonns eng méi kloer Affär, hei kënnt Frankräich mat 3 Victoiren aus 3 Matcher op Plaz, op Plaz 2 steet Norwegen mat 2 Victoiren an op Plaz 3 Wäissrussland mat 1 Victoire. Op déi lescht Plaz kënnt d'Equipe aus Éisträich.

Am Grupp C war et nees méi enk. Hei war och den Titelverdeedeger Däitschland mat dobäi, déi sech trotz just enger Victoire déi zwee Plaz séchere konnten. Op déi éischt Plaz kënnt hei Mazedonien, déi zwou Partië knapps mat engem Goal Ënnerscheed gewanne konnten a géint Däitschland gouf et ee Remis. Op déi drëtt Plaz kënnt d'Equipe aus Slowenien, dat mat enger Néierlag, dat géint Mazedonien, engem Remis géint Däitschland an eng Victoire géint Montenegro.

Am Grupp D war eng Equipe ouni Chance an dat war d'Equipe aus Ungarn, déi all hir Partië verluer hunn. Fir Spuenien, Tschechien an Dänemark gouf et allkéiers eng Néierlag, dat bei 2 Victoiren. Tschechien huet géint Spuenien verluer, Dänemark huet géint Tschechien verluer a Spuenien huet sech Dänemark misse geschloe ginn.

Esou kommen déi éischt dräi aus dem Grupp A mat de beschten dräi aus dem Grupp B an eng Grupp. Déi bescht aus dem Grupp C kommen zesumme mat den éischten dräi aus dem Grupp D an eng zweet Grupp.

Hei qualifizéiere sech um Enn déi zwou éischt Equippen aus béide Gruppe fir d'Halleffinallen, déi freides de 26. Januar gespillt ginn.

D'Finall an de Match ëm Plaz 3 sinn den 28. Januar.

De Spillplang vun der Haaptronn:

GRUPP 1:

Donneschdeg, 18. Januar, 18.15 Auer: Serbien - Norwegen
Donneschdeg, 18. Januar, 20.30 Auer: Kroatien - Wäissrussland
Samschdeg, 20. Januar, 18.15 Auer: Schweden - Frankräich
Samschdeg, 20. Januar, 20.30 Auer: Kroatien - Norwegen
Méindeg, 22. Januar, 18.15 Auer: Serbien - Frankräich
Méindeg, 22. Januar, 20.30 Auer: Schweden - Wäissrussland
Mëttwoch, 24. Januar, 16 Auer: Serbien - Wäissrussland
Mëttwoch, 24. Januar, 18.15 Auer: Schweden - Norwegen
Mëttwoch, 24. Januar, 20.30 Auer: Kroatien - Frankräich

GRUPP 2:

Freideg, 19. Januar, 18.15 Auer: Däitschland - Tschechien
Freideg, 19. Januar, 20.30 Auer: Slowenien - Dänemark
Sonndeg, 21. Januar, 18.15 Auer: Däitschland - Dänemark
Sonndeg, 21. Januar, 20.30 Auer: Mazedonien - Spuenien
Dënschdeg, 23. Januar, 18.15 Auer: Slowenien - Spuenien
Dënschdeg, 23. Januar, 20.30 Auer: Mazedonien - Tschechien
Mëttwoch, 24. Januar, 16 Auer: Slowenien - Tschechien
Mëttwoch, 24. Januar, 18.15 Auer: Mazedonien - Dänemark
Mëttwoch, 24. Januar, 20.30 Auer: Däitschland - Spuenien