Bei den Europameeschterschaften am Handball gouf den Titelverdeedeger Däitschland eliminéiert.

Nodeems sech an der éischter Gruppephas 12 Equippe fir d'Haaptronn qualifizéiere konnten, stinn elo d'Halleffinaliste fest.

Duerch d'Néierlag géint Spuenien e Mëttwoch den Owend fält den Titelverdeedeger Däitschland an der Tabell vum Grupp II op d'Plaz 5 zeréck a muss de Wee heem untrieden.

Am Grupp I kënnt Frankräich op d'Plaz 1, dat mat 5 Victoiren an domat ass Frankräich als nach eenzeg Equipe bei dëser EM ongeschloen. Op d'Plaz zwee kënnt d'Equipe aus Schweden, dat ganz knapp virun de Kroaten, déi e Mëttwoch den Owend mat 27 op 30 géint Frankräich verluer hunn. Domat spillen d'Kroate bei der Heem-EM just ëm déi 5. Plaz, dat géint Tschechien, déi am Grupp II op déi drëtt Plaz komm sinn. Eliminéiert am Grupp I sinn domat ganz knapp d'Norweger, déi e Mëttwoch nach géint Schweden wanne konnten. Kloer dobausse si Wäissrussland a Serbien.

Am Grupp II kënnt Dänemark mat 8 Punkten op déi éischt Plaz, dat virun de Spuenier, déi e Mëttwoch den Owend duerch eng Victoire géint den Titelverdeedeger Däitschland d'Qualifikatioun fir d'Halleffinalle realiséiere konnten. Tschechien spillt ëm d'Plaz 5 géint Kroatien. Eliminéiert sinn d'Equippen aus Slowenien, Däitschland a Mazedonien.

D'Matcher am Iwwerbléck:

Match ëm Plaz 5:
Freideg, de 26. Januar ëm 15.30 Auer: Kroatien - Tschechien

Halleffinallen:
Freideg, de 26. Januar ëm 18.00 Auer:Frankräich-Spuenien

Freideg, de 26. Januar ëm 20.30 Auer:Dänemark-Schweden

Match ëm Plaz 3:
Sonndeg, den 28. Januar zu Zagreb ëm 15.30 Auer

Finall:
Sonndeg, den 28. Januar zu Zagreb ëm 20.30 Auer