E Freideg den Owend konnt sech Spuenien an der 1/2-Finall mat 27:23 géint Frankräich behaapten. Schweden klappt Dänemark no Verlängerung mat 35:34.

Spuenien huet an der Halleffinall vun der Handball-Europameeschterschaft fir eng deck Iwwerraschung gesuergt. Si konnte sech mat 27:23 géint den Top-Favorit Frankräich behaapten. D'Spuenier hunn d'Fransouse während dem Match deels dominéiert. Déi bescht Defense vum Tournoi stoung op en Neits ganz kompakt, sou datt dem Top-Favorit deels minuttelaang keng Goaler gelonge sinn. Ma och offensiv haten d'Spuenier vun Ufank u méi ze bidden, sou datt si an der Paus mat 15:9 a Féierung loungen. No 45 Minutten hat den Underdog sech eng Avance vun 9 Goaler erausgespillt an et stoung 23:14. De Fransousen ass et dunn awer nach eng Kéier gelongen ze reagéieren a si sinn op 3 Goaler erukomm. D'Spuenier hu sech dës Victoire awer net méi huele gelooss a konnten um Enn de Virsprong iwwert déi 60 Minutte retten.

RTL

© afp

An der zweeter Halleffinall konnt sech no engem richtege Krimi Schweden mat 35:34 géint Dänemark behaapten. An den éischte Minutten huet sech tëscht béiden Equippen eng Partie mat vill Tempo entwéckelt. Schweden war hei méi effektiv a konnt sech e Virsprong erausspillen, sou datt een no 24 Minutte mat 16:13 a Féierung loung. An de leschte Minutte virun der Paus huet d'Partie op eemol stagnéiert an et ass nëmmen nach ee Goal fir Dänemark gefall. Am Ufank vun der zweeter Hallschent konnt Schweden de Virsprong ausbauen. No 37 Minutte stoung et 19:14. Dänemark ass allerdéngs weider dru bliwwen a konnt no 55 Minutten op 25:25 ausgläichen. 1 Minutt viru Schluss hat Schweden dunn nees eng Avance vun 2 Goaler, ma dat sollt net duergoen, fir der Partie een Enn ze setzen. Dänemark konnt op 28:28 ausgläichen an et ass an d'Verlängerung gaangen. Hei war et weider ganz serréiert. Um Enn behält Schweden awer d'Iwwerhand a gewënnt mat 35:34 a steet an der Finall.

E Sonndeg ass d'Finall tëscht Spuenien a Schweden. Spuenien konnt bis elo nach ni den EM-Titel gewannen.

Kroatien um Enn op der 5. Plaz

E Freideg am Nomëtteg konnt sech Kroatien no enger enker Schlussphas mat 28:27 géint Tschechien behaapten. Kroatien kënnt domadder bei der EM virun der eegener Hausdier op déi 5. Plaz.

Kroatien hat de bessere Start an d'Partie erwëscht. Op der Säit vun den Tscheche sinn ze vill liicht Feeler geschitt a Kroatien huet déi konsequent ausgenotzt a loung an der Paus mat 16:10 a Féierung. No der Paus huet Kroatien eng permanet Avance behalen an et stoung no 46 Minutten 23:19. An de leschte Minutten ass et dunn awer nach eng Kéier enk ginn. Tschechien konnt de Réckstand verkierzen a war 2 Minutt viru Schluss op 1 Goal drun. Et stoung 26:27 aus Siicht vun Tschechien. An de leschte Sekonnen ass et der Equipe awer net méi gelongen nach eng Kéier auszegläichen, sou dass Kroatien no 60 Minutte mat 28:27 d'Iwwerhand behält.