Am Dëschtennis war et um Samschdeg den zweetleschte Spilldag vun der regulärer Saison. Eng Plaz am Titelgrupp ass weider fräi.

Berbuerg konnt sech 6:2 géint Récken behaapten an iwwerhëlt domadder déi 4. Plaz an der Tabell.

Diddeleng huet sech géint Hueschtert/Foulscht keen Ausrutscher geleescht. Den Titelverdeedeger huet mat 6:1 gewonnen. Hueschtert/Foulscht huet domadder keng Chance méi op den Titelgrupp. De Punkt fir d'Gäscht huet den Tim Janssen gemaach. Hien huet mat 3:1 géint de Mike Bast gewonnen.

D'Union huet sech mat 2:6 géint Iechternach misse geschloe ginn.

Fir Éiter-Waldbriedemes gouf et eng 3:6 Defaite géint den Houwald. Den Houwald huet tëschenduerch missen zidderen. Nodeems ee scho mat 4:1 a Féierung loung, konnt den Opsteiger nach eng Kéier op 3:4 verkierzen. Houwald huet sech awer net aus der Rou brénge gelooss an huet mat 2 weidere Victoiren de Sak zougemaach.

Ee Spilldag viru Schluss sinn Diddeleng, den Houwald an Iechternach sécher am Titelgrupp mat dobäi. Déi leschte Plaz decidéiert sech den nächste Weekend beim direkten Duell tëscht Berbuerg an Éiter-Waldbriedemes. Berbuerg geet hei ee Remis duer, fir sech fir de Playoff ze qualifizéieren.