Victoirë fir Laurent an Zuidberg, Néierlag fir Grün

© pressphoto (Archiv)
E Samschdeg den Owend waren den Thomas Grün an den Alex Laurent am Basketball gefuerdert an de Chris Zuidberg am Volleyball.
An der zweeter Divisioun am däitsche Basketball hunn d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün 82:103 (25:30, 14:18, 23:24, 20:31) bei de Baunach Young Pikes verluer. D'Gladiators Tréier stinn op der 7. Plaz an der Tabell.
Am hollännesche Championnat huet den Helder mam Alex Laurent 82:76 (13:17, 15:19, 24:21, 30:19) géint Bal Weert gewonnen. Den Helder sinn déi läscht an der Tabell.
Am däitsche Basket-Championnat bei den Dammen konnten d'Anne Simon an d'Magaly Meynadier mat Saarlouis eng Victoire feieren. Saarlouis wënnt doheem mat 63:53 (16:17, 11:14, 12:12, 24:11) géint Chemnitz.
Am Volleyball konnt sech Bühl mam Chris Zuidberg mat 3:0 (32:30, 25:19, 25.19) bei den Netzhoppers Königs Wusterhausen duerchsetzen. Eng Defaite gouf et e Sonndeg fir de Gilles Braas mat Düren. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet mat senger Equipe auswäerts 1:3 (20:25, 22:25, 25:18, 25:20) géint United Volleys RheinMain verluer.
E Sonndeg huet d'Equipe vum Kamil Rychlicki, Maaseik, am Championnat an der Belsch mat 3:0 (25:23, 25:17, 25:21) zu Guibertin gewonnen.